Carte Blanche vum Robert UrbéIndividualismus oder Solidaritéit

Falsch verstanenen Individualismus a Liberalismus behënneren d'Entwécklung vum Land, de Räichtum gëtt ongerecht verdeelt an den Zesummenhalt bleift op der Streck. Mir mussen aus deeër Fal raus, seet a senger Carte blanche de Robert Urbé vu Caritas Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Robert Urbé



Zwou Beobachtungen, déi op den éischte Bléck näischt mateneen ze dinn hunn: An déi nei, de 14. Oktober gewielte Chamber, goufen nëmmen 12 Fraen direkt gewielt, méi wéi 14 wäerten et der och no der Regierungsbildung net ginn. Do huet d'Fraequot net vill gehollef!

Op der anerer Säit: Bei engem lokale Fest sinn net genuch Parkplazen do, déi éischt hu sech um Rand vun der Strooss hallef op den Trottoir placéiert, sou datt kee méi mat enger Kannerkutsch laanscht kéim. Dann allerdéngs dreift een et op d'Spëtzt: Hie parkt net nëmmen um Trottoir, mä hien hält och nach ganz op dem Zebrasträif! Dorop ugeschwat, sot de Chauffeur just: "Wou soll ech da parken?"

Dat ass typesch: Wat mat deenen aneren ass, dat ass mir egal, Haaptsaach mir geet et gutt. Dat ass e komplett falsch verstanenen Individualismus: Ech kucken no mir, wa jidderee no sech kuckt, ass jo alles o.k.! Dat kënnt och vun engem falsch verstanene Liberalismus: Jidderee suergt fir sech, de Staat gëtt op seng Minimalfunktiounen zréckgeschnidden, wiem et méi schlecht geet, ass selwer schold!

Kann een dem Eenzelne lo awer all Virwërf maachen? Wann de Staat mam schlechte Beispill virgeet? Wann ee solidaresche Sozialsystem schläichend an een iwwer gefouert gëtt, wou jidderee fir säin Erfolleg a Mësserfolleg perséinlech verantwortlech gemaach gëtt. Wou e Steiersystem ëmmer méi individuell soll zougeschnidde ginn – wat ass eigentlech sou falsch drun, datt eng Koppel gemeinsam fir hir Flichte vis-à-vis vum Staat asteet? Dach nëmmen déi Tatsaach, dass nach ëmmer vill Männer – fräi nom George Orwell senger Animal Farm - Gläichberechtegung sou laang akzeptéieren, wéi si selwer méi gläich sinn! Eng Rëtsch eleng verdéngend Männer, queesch duerch all Gesellschaftsschichten, ginn hirer Fra doheem en Haushaltsgeld, an de Rescht behale si fir sech. Ech hunn och eng Kéier héieren, wéi een op d'Iwwerleeung vu senger Fra, si bräicht eng Botzhëllef, geäntwert huet , dat wier o.k., wann si dat vun hire Sue bezuele géif.

Individualismus ass Tromp, Zesummegehéiregkeetsgefill a Solidaritéit bleiwen op der Streck!

Moral an Ethik ass awer eben net nëmme fir den Eenzelnen do, mä och beim staatlechen Handelen. De Lëtzebuerger Geschäftsmodell, mat immense Wuesstemsraten, Steieroptiméierungen an Eidelsuckele vum Reservoir vun de Salariéeën an eisen Nopeschregiounen hëlt dorop keng Récksiicht. Mä mir kréien d'Rechnung lues a lues presentéiert ...

Wa mir net vun deem falsch verstanene Liberalismus an Individualismus rofkommen, net mol rëm zesumme gesinn, wat zesummegehéiert a Solidaritéit mat deenen héich halen, deenen et méi schlecht geet an net nëmmen eisen eegene Virdeel op Käschte vun deenen anere sichen, dann hu mir keng Zukunft! Dat Bild, wat mir bidden, souwuel perséinlech wéi als Gemeinschaft, ass engem Land net wierdeg, dat sou e Potenzial huet. Mir sollten dee Potenzial zum Wuel vun alle benotzen, an net nëmme vun engem Deel! Dat sief de Koalitionären, déi lo e Regierungsprogramm am Aushandele sinn, an Erënnerung geruff!

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.