Carte Blanche vum Jean-Louis SchlesserVolleksparteien zu Lëtzebuerg: Si se um Stierwen oder wibbelen se nach?

Dat freet sech de Jean-Louis Schlesser a mengt datt se net dout sinn awer zu deene bedreete politeschen Déierenaarte gehéieren.

Carte Blanche vum Jean-Louis Schlesser



Elo wou se a reeller Gefor sinn, gëtt vill vun hinne geschwat: d'Volleksparteien. Wat ass dat dann, eng Vollekspartei? Am Fall vu Lëtzebuerg kann ee schlecht ofstreiden, datt esouwuel LSAP ewéi d'CSV authentesch Volleksparteie sinn – oder muss ee scho soen "waren"? Wa mer dat historesch gesinn, sti se vir zwee komplementar an eventuell antagonistesch Aspekter vun eisem Land.

Ass et villäicht eng weltlech Relioun, de vum Marxismus inspiréierte Reformismus, géint e vu Roum gesteierte gesellschaftleche Konformismus, ass et d'Lëtzebuerger Wort géint d'Escher Tageblatt, d'Gewerkschaftszentral vum Escher Boulevard Kennedy géint de Äerzbistum an der Stater Lantergässel, sinn et opgekläerte Bierger géint obskurantistesch Klerikaler?

Et kann een net erwaarden, datt all Mënsch mat enger Analys ewéi dëser d'accord ass, ëmsou méi et och bei de chrëschtlechen eng Sozialbeweegung ginn ass an nach ëmmer gëtt, datt net all Paschtouer obskurantistesch ass an datt et LSAP-Membere soll ginn, déi an der Kierch bestuet goufen an deenen hir Kanner d'éischt Kommunioun maachen. Ob een sech elo zu deem engen oder deem anere Bord zielt, huet mat engem onbestëmmten, diffusen Zougehéieregkeetsgefill ze dinn, dat, just well e Gefill ass, schwéier mat Wieder anzefänken ass. – Wat awer net verhënnert datt et do eng Realitéit gëtt an datt eng klassesch Vollekspartei déi erëmspigelt.

Et gehéiert natierlech och zu enger Vollekspartei, datt se fir "hir Leit" suergt an ech setzen "hir Leit" tëscht Anführungszeechen. Di richteg Memberskaart konnt schonn an der enger oder der anerer Südgemeng, bei klengeren oder gréissere Gefällegkeeten hëllefen, an dat selwecht konnt och fir d'Stad Lëtzebuerg gëllen, an dat obschonn d'DP am Fong keng Vollekspartei ass. Wat de fréieren "CSV-Staat" ugeet, sou war deen net d'Erfindung vun opbruechte lénke Leitartikler, mä eng Realitéit. Déi Zäite missten dout sinn an dat ass Gëft fir den opportunistesche Volet vun der CSV, fir hir Zukunft als Vollekspartei an hir zukünfteg Wahlresultater.

Eng Vollekspartei ass also esou eppes ewéi eng vun der Weltuschauung bestëmmte Sammelbeweegung. Et fënnt een sech do zesumme, wou een de richtege Stallgeroch an der Nues huet a wou een ënnert Gläichgesënnten ass .

Elo schéngt et, datt de Geschäftsmodell "politesch Sammelbeweegung" speziell bei jonken onpolitesche Wieler a Gefor ass. Fir vill Leit si konkret Optioune fir den Alldag méi wichteg an déi bestëmmen hiert Verhalen an der Walkabinn. Dat heescht awer, datt esou eng Wal-séier enttäuscht an da fort ass.

Wou mer wierklech frou sollte sinn, ass d'Tatsaach, datt de Wieler-Reservoir fir rassistesch, béisaarteg, intolerant Matbierger kleng ass an hoffentlech esou bleift.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.