Carte Blanche vum Ben FayotMir brauchen eng nei Begeeschterung fir Europa!

A sechs Méint sinn Europawalen, an dat an enger Zäit, wou d’Zukunft vun der Europäescher Unioun um Spill steet. Wéi soll Lëtzebuerg domat ëmgoen?

Eng Carte Blanche vum Ben Fayot



D‘Gedenkzeremonie vum 1.Weltkrich weisen, wéi déi Katastroph duerch den Nationalismus ausgeléist gouf. Honnert Joer dono geet et ëmmer nach an ëmmer méi drëm, deen Nationalismus ze iwwerwannen. Et gëtt haut erëm extrem rieds an extrem lénks Beweegungen, déi de Réckzuch op d’national Souveränitéit priedegen. Mä dee Réckzuch ass weider näischt, wéi geféierlechen nationalen Egoismus.

A sechs Méint sinn Europawalen. Do entscheet sech, ob et weider geet mat dem friddlechen a solidareschen Europa, oder ob nationalistesch Parteie vu rieds a vu lénks am Europaparlament souvill Muecht kréien, dass se d‘EU zerstéiere kënnen.

Fir Lëtzebuerg ass dat eng existenziell Fro. D’Geschicht erënnert drun, dass ons Eegestännegkeet dovunner ofhänkt, dass ons grouss Nopere se respektéieren. Dee Respekt ass duerch d‘europäesch Verträg garantéiert. Dofir gëtt et hei zu Lëtzebuerg keng Partei, déi d’Europäesch Unioun refuséiert.

Wuel gëtt d’Europapolitik kritizéiert, och emol mat Recht. Mä vläicht gëtt et der, deene nationalpopulistesch Iddien gefalen. Si mussen wëssen, dass dat direkt schiedlech fir Lëtzebuerg ass. Dofir mussen d’politesch Fronte kloer sinn. Et muss kloer sinn, wat an enger demokratescher a solidarescher Unioun acceptabel ass a wat net.

Dat gëllt besonnesch fir d’Europaparlament. Eng grouss Majoritéit vum Europaparlament huet dem Här Orban seng Politik offiziell kritizéiert. Dorënner och seng eege Partei, d’Europäesch Vollekspartei. Si huet awer den Här Orban net op d’Schëff geschéckt. Do sinn d’Fronten also net kloer an dat schued der EU.

Mä d’Fronte mussen och kloer si fir d’Memberlänner. Wie vun deenen ass Bremser, wie kuckt fir d’éischt no sengen nationalen Interessen an dann eréischt no dem Ganzen? Wie wëllt d’EU weiderbréngen a staark maachen?

Ass Lëtzebuerg e Bremser oder e Lusspetter, wéi mol schonn an der Vergaangenheet? Ech hoffen net.

Ech erwaarde vun der neier Regierung, dass se sech net nëmme mat der eigentlech niewesächlecher Fro vun héijen EU-Posten ofgëtt.

Ech erwaarden an hirem Programm eng kloer an detailléiert Duerstellung, wéi Lëtzebuerg d’EU wëllt stäerken. Si däerf dobäi kuerzfristeg Interesse vun deem engen oder anere Wirtschaftssecteur net iwwer déi laangfristeg Perspektiv vun enger staarker Unioun stellen. Et ass och un der Zäit, dass déi nei Regierung den europäeschen Debat zu Lëtzebuerg op e méi héijen Niveau hieft.

Zum Beispill, dass de Staatsminister, dee Lëtzebuerg am europäesche Rot vertrëtt, virun de Sommeten an d‘Chamber kënnt an do ëffentlech duerstellt, wat onst Land hanner zouenen Dieren vertrëtt an och dono dem Parlament Rechenschaft ofleet.

Et ass och wichteg fir onst Land, dass jidder Minister, aler an neier, eng zolidd europäesch Kompetenz huet oder sech uneegent, well och d’Minister sinn europäesch Acteuren. Datselwecht gëllt iwwregens och fir all ons Deputéiert.

A schliisslech erwaarden ech vun der ganzer Lëtzebuerger Politik eng nei Begeeschterung fir den europäesche Friddensprojet, ouni deen onst Land net liewe kann.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.