Carte Blanche vum Tom BellionKeep calm op de Chrëscht- a Wantermäert!

Enn November, dem Wantermount, ginn zu Lëtzebuerg déi éischt Wanter- a Chrëschtmäert op a si dauere bis Enn Dezember, dem Chrëschtmount. A senger Carte blanche mécht den Tom Bellion sech ee puer Gedanken iwwert d'Schreifweis vun deenen Events.

D'Carte Blanche vum Tom Bellion



Déi Deeg ronderëm den 21. Dezember, also dem Sonnenwendtag, gi schonns zanter Joerdausenden ënner verschidde Formen a jee no Zivilisatioun oder Kulturkrees als Fest vun der Veréierung vun der Sonn, dem Liicht, gefeiert.

Säit dem 4. Joerhonnert no Christus feieren d'Chrëschten um 25. Dezember symbolesch d'Gebuert vu Christus. Zanter dem Joer 1535 spillt op Initiative vum Martin Luther d'Beschenken eng gréisser Roll op Chrëschtdag.

Spéitstens zanter dem leschtem Weekend am November ass et nees esou wäit a mir ginn alleguerten an d'Chrëschtdagsstëmmung begleet, oder soll ech soe gedréckt ?

Eng Rei vu Chrëscht- a Wantermäert hunn hir Zelter schonn opgeschloen oder maachen dat ganz geschwënn.

An de leschten Deeg liest an héiert een, besonnesch an de sozialen Netzwierker, eng gewëss Polemik iwwert d'Schreifweisen an d'Benennung vun dësen Events.

Eng Diskussioun déi deelweis héich emotional an digital Welle schléit.

Jee no Organisateur ännert d'Schreifweis an déi Veranstaltung gëtt da mol mat "Ch" oder mat "K", mat engem "a", mat "oa" oder mat zwee "a" oder och nach mat oder ouni Trema um "e" geschriwwen.

Der Imaginatioun si keng Grenze gesat an esou een Event heescht dann och mol Wanterfeeling, Wanterflair, Winter Moments oder Winterlights.

Donieft schläicht sech dann och zanter ee puer Joer de Black Friday an dës Periode vum Joer era fir eis drop opmierksam ze maachen, dass et elo wierklech héich Zäit gëtt, fir iwwert Cadeauen nozedenken.

Chrëschtdekoratiounen, Kleesercher, Houseker a Luuchteninstallatioune wäerten eis dann och vun elo un op Schratt an Tratt duerch déi däischterst Zäit vum Joer begleeden.

Mee, nieft all dem gutt gemengte Bling Bling an eisem ongebremste Konsumdenken, ass dëst net virun allem dee Moment am Joer, wou mer vläicht alleguerte bereet si fir ee bësschen zur Rou ze kommen?

Ass et net och eng vun deene seelene Geleeënheete wou mir Wäerter wéi Famill a Frëndschaft, Respekt an Toleranz, Solidaritéit a Matgefill an de Virdergrond ze stellen?

Haaptsaach also, et gëtt ee Forum geschaaft, egal wéi en genannt gëtt, reliéis oder och net, wou Leit vun all Generatiounen an aus de verschiddenste Kulturkreesser friddlech zesummekomme fir flott a gemittlech Momenter zesummen ze erliewen an sech op dat Wesentlecht ze besënnen.

Also kommt mir loossen jidderengem d'Fräiheet fir säin Event esou ze nenne wéi hie wëllt!


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.