Carte Blanche vum Anne GoeresRecht op e Liewensplang

D'Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, zielt eng léif Geschicht vum klenge Patrick, déi awer net esou léif ass, wei se kéint sinn.

D'Anne Goeres© Yves Kortum

Carte Blance vum Anne Goeres



Haut wëll ech Iech vum jonke Patrick zielen. Fir mengem klenge Kolleg seng Identitéit ze schützen, hunn ech him, am Averständnis mat sengen Elteren, en Decknumm ginn an e puer hei onwichteg perséinlech Detailer geännert.

De jonke Patrick ass virun allem mol e Kand. E schéint Kand. E léift Kand. En Kand mat sengem eegene Charakter.

De jonke Patrick ass awer och schwéier krank säit senger Gebuert. Dat huet seng Elteren absolut net verhënnert, hie gär ze hunn, esou, wéi en ass, a mat him e Familljeliewen opzebauen. Ganz am Géigendeel. Se sinn esou frou mat him, dat et fir si haut net a Fro kënnt, hien d’ganz Joer ewech ze ginn an eng Institutioun. D’Famill ass och méi grouss ginn an de Patrick huet nach e Brudder an eng Schwësterchen dobäi krut. Zesumme probéiere se, esou vill wei méiglech schéi Momenter ze verbréngen.

Awer gleeft mer, dat ass ganz wäit ewech vun engem normale Familljeliewen, well eise klenge Patrick absolut net autonom ass a permanent eng Infirmière bei sech brauch. 24 Stonnen op 24 a 7 Deeg op 7. Ronderëm eisem klengen Kolleg ass d’Equipement vun engem Spidolszëmmer, mat Apparater an enger Surveillance, déi dat schlëmmst verhënnere sollen.

Am Dag, 5 Deeg an der Woch, geet eise klenge Kolleg an eng spezialiséiert Schoul, awer nëmmen, wann hie keng nei Infektioun huet. Déi Zäit leien d’Elteren net op der fauler Haut, mä se schaffen. An och nach allen zwee.

D’Nuechten an de Weekend sinn d’Elteren awer definitiv eleng gelooss, well do ass näischt virgesinn, keng Infirmièreshëllef. Déi eenzeg Stonnen, déi se vun der Assurance Dependance ze gutt hunn, notze se schonn, fir déi Zäit no der Schoul mëttes.

Fir d’Nuechten ze packen, wou effektiv eng Infirmière misst niewent eisem Patrick setzen, hunn d’Eltere sech organiséiert a selwer Leit fonnt, déi géint e schappege Salaire des Nuechtwaach iwwerhuelen an d’Elteren ofléisen, fir dat se e Minimum u Schlof kréien. Dëst sinn natierlech keng offiziell Infirmièren an d‘Hand op d’Häerz: Wie vun eis kéint schonn zwou diploméiert Infirmieren doheem astellen, fir all Nuecht ze waachen? An der Hoffnung, datt déi selwer ni e Krankeschäin, e Mammeconge oder iwwerhaapt huelen. Einfach ondenkbar.

D’Vakanze sinn och e bëssi speziell, well entweder ass de Patrick doheem an dat ass fir d’Famill äusserst sportlech, oder hien däerf an eng spezialiséiert Institutioun, wou de Ministère sech engagéiert huet, fir Datumer 12 Méint am viraus festzehalen. Déi Zäit, wou de Patrick do an d’Vakanz ass, hëlt sech de Rescht vun der Famill eng kleng Auszäit, déi eigentlech dozou déngt, dat déi zwee aner Kanner zur Geltung kommen oder dat si sech einfach mol ausroue kënnen.

Mä et liicht eis dach all an: hei steet eng Famill, couragéiert, motivéiert an net faul, déi sech immens Méi gëtt an alles drusetzt, hirem Jong d’Liewe schéin ze gestalten, mä net déi néideg Ënnerstëtzung kritt, déi se verdéngt hätt. Sou munch ee géing einfach „Merde alors“ jäizen. Et ass mir och duerno.

Eise Patrick ass zwar keen Eenzelfall, awer déi betraffe Fäll kann een op enger Hand opzielen hei zu Lëtzebuerg. Fir déi misst dach méi dra sinn, wéi dat. 2016 hu mer eis mat den 3 zoustännege Ministère getraff: Famill, Gesondheet a Securite sociale. En Aarbechtsgrupp huet et dunn fäerdeg bruecht, bal e Joer méi spéit, eng nei Moossnam op d’Been ze stellen. Grouss Freed am Summer 2017, ewéi de Staatsrot déi nei Hëllef accordéiert huet, fir Leit an der Situatioun wéi eise Patrick. Direkt am September 2017 gouf eng Demande gemaach an deemools huet et nach geheescht, eise jonke Kandidat kéint mat den éischte Persoune sinn, déi vun dëser neier Moossnam profitéiere kéint.

E Vull fir d’Kaz, well no villem Nohaken, enger parlamentarescher Fro zu deem Sujet méi spéit, krute mer des Woch (jo, dir hutt gutt héieren, méi ewéi e Joer duerno) de richtege Formulaire geschéckt, fir eng Demande en bonne et due forme ze maachen. Et ass fir ze jäizen.

Also, gläich kënnt de Kleeschen an ech wënschen dem Patrick a senger Famill just eppes: dat si déi néideg Hëllef, déi se säit Joren dréngend brauchen, endlech accordéiert kréien. Dat de Patrick däerf e Liewensplang hunn. A vläicht bréngt de Kleeschen jo ei néideg Decideure mat sech, déi dëst erméigleche kéinten.

 

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.