Carte Blanche vum Marc Limpach3 Froen

A senger Carte blanche mécht de Marc Limpach sech Gedanken iwwert déi Froen, déi d’Zukunft vun eiser Gesellschaft bestëmme wäerten

Um spéiden Ufank vum 21. Joerhonnert si mer mat dräi grousse Froe konfrontéiert:

(1) mat enger sozialer Fro vun wuessender Ongläichheet,
(2) mat der ökologescher Iwwerliewensfro am Kontext vum Klimawandel an ëmmer méi knappe Ressourcen
(3) mat enger kultureller Fro, déi eis verschidden Identitéiten an eist demokratescht Zesummeliewe betrëfft.

Déi dräi Froe sinn enk matenee verbonnen. D’Léisung vun deene Problemer verlaangt eigentlech no engem déifgreifende Paradigmewiessel an der Politik. Et schéngt awer ëmmer méi schwéier, fir radikal Léisungen ze fannen, déi déi Problemer och bei der Wuerzel paken. Amplaz, gewannen nationalistesch an autoritär Populisten ëmmer méi Unhänger an Europa, déi simplistesch Äntwerten op komplex Froen ginn.

De Soziolog Wilhelm Heitmeyer nennt als Ursaachen, firwat demokratesch Léisungen, och a Westeuropa, ëmmer méi schwiereg ginn: e globaliséierten Finanzkapitalismus mat oligarcheschen Tendenzen, donieft Angscht viru sozialer Desintegratioun, wéi och de Vertrauensverloscht vis-à-vis vum demokratesche Prozess. Esou erkläert sech zum Beispill de Brexit-Votte net eleng aus “Fake news”, Murdoch a Cambridge Analytica. Eng grouss sozial Ongläichheet a kulturell Veronsécherung huet dozou bäigedroen. „Déi Déck profitéieren, déi Kleng musse bludden“, denke vill Verléierer vun der Globaliséierung. Déi selwecht Veronsécherung a Roserei fënnt ee beim Mouvement vun de „Gilets jaunes“. E Brexit léist natierlech kee Problem, mä schaaft just dausend neier. Ausser fir d’Ustiwweler, wéi de Jacob Rees-Mogg an de Boris Johnson - deen een huet seng déck Fonge schonn an Irland verluet, deen anere verdéngt grouss Zomme mat Rieden an Artikelen.

D‘Onsécherheet - ob et den eegene Kanner eng Kéier besser geet – wäert net vun haut op muer verschwannen. Wéinst de Konsequenze vum Klimawandel wäerten d’Reaktioune mat der Zäit nach méi hefteg ginn. Lëtzebuerg schéngt momentan nach gréisstendeels dovu verschount. „Solange der Schornstein raucht“, wéi de Brecht seet. Awer Lëtzebuerg ass keng Insel an och bei eis geet d’Schéier tëscht Aarm a Räich ëmmer méi wäit auserneen, wéi ee rezente Rapport vum Statec weist. Dat ënner anerem och wéinst den héije Käschte vum Logement. Och wann eng relativ gesond Mëttelschicht haut nach frou ass, Proprietär ze sinn, sou gëtt dat dann awer fir hir Kanner ëmmer méi schwéier. Den Immobiliëmarché gëtt vu Luxuswunnengen iwwerschwemmt, déi déi meescht Leit sech net méi leeschte kënnen. D’Spekulanten an déi international Investisseuren awer schonn.

Wien hält an Europa dogéint? Den Opschwong vum nationale Populismus an Europa fält mam Ofschwong vun der Sozialdemokratie zesummen. Firwat si grad elo virun allem déi sozialdemokratesch Parteien an Europa an esou grousse Schwieregkeeten? Dofir ginn et natierlech vill verschidden Ursaachen, awer grondsätzlech kann ee soen, dass si am Virfeld an och no der Finanzkris vun 2008 net méi d’Impressioun ginn hunn, hiren historeschen Optrag ze erfëllen - also konsequent ze probéieren, sozial an ekonomesch Gerechtegkeet fir all Schichte vun eise Gesellschaften duerchzesetzen.

Wat kënne mer als Bierger maachen? An enger parlamentarescher Demokratie muss den éierlechen, politeschen Engagement - och an enger Partei - erëm méi héich geschat ginn. Awer eng Demokratie fënnt net just all 5 Joer bei Wale statt. Et ass wichteg, dass Bierger sech selwer engagéieren. Sech net just sënnlos ëm hire Konsum um Black Friday oder fir Chrëschtdag këmmeren, mä an der Zivilgesellschaft aktiv ginn, Zeitunge liesen, Gewerkschaften ënnerstëtzen, an den Theater ginn, Froe stellen, Äntwerte sichen a Meenungen artikuléieren. Eng nei Opklärung, als Bierger an als Konsument. Eng nei Iwwerleeung iwwert d‘Konkordanz tëscht souwuel gudder Aarbechts- wéi och nohalteger Produktqualitéit. Den Asaz fir Gerechtegkeet, d’Suerg em eis Ëmwelt an eng demokratesch Kultur gehéieren zesummen. Jiddereen ass gefuerdert.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.