Carte Blanche vum Gilles HempelSpekulatioun op Bauland ënnerbannen

D'Wunnengspräisser klammen ëmmer weider an et ass bis elo keng Léisung a Siicht. E gudden Deel vun der Hausse geet op d'Spekulatioun op Bauland zeréck. A senger Carte Blanche skizzéiert de Gilles Hempel e Model, fir dës Entwécklung ze ënnerbannen a gläichzäiteg sozialen an abordabele Wunnraum ze schafen.

Carte Blanche vum Gilles Hempel



Net nëmmen zu Lëtzebuerg, mä och am Ausland gëtt de Logement ëmmer méi e grousse Problem. Esou gëtt de Manktem u bezuelbarem Wunnraum scho muncheruerts als "soziale Frage" vum 21. Joerhonnert bezeechent.

A ville grousse Stied ass et net méi méiglech, mat engem normale Salaire dezent ze wunnen. Ganz besonnesch betraff si Stied wéi London, Frankfurt a München. Mä och a méi klengen Agglomeratioune gëtt et ëmmer méi schwéier, sech eng Wunneng ze leeschten. Eng Ausnam war iwwer laang Zäit d'Stad Wien. Do hu si et fäerdegbruecht, mat enger proaktiver Wunnengsbau-Politik am Laf vum leschte Joerhonnert massiv leeschtbar Wunnengen ze schaffen. Mä och zu Wien ware si net gefeit géint Spekulanten, déi am grousse Stil Bauland opkaaft hunn, fir en ze horten, domat kënstlech ze verknappen an esou d'Präisser an d'Luucht ze dreiwen. Fir déi ëffentlech Bauträger ass et dowéinst ëmmer méi schwéier ginn, un abordabelt Bauland ze kommen.

Zu Wien huet een dat awer net einfach esou higeholl a gesot, dat ass eben de Marché, d'Resultat vun Angebot an Nachfrage. Sou wéi een dat hei zu Lëtzebuerg an deem Kontext méi oft héiert. Anstatt ze resignéieren, huet ee sech zu Wien eppes Cleveres afale gelooss:

An hirer neier "Bauordnung" gëtt et elo sougenannte "Gebiete für geförderten Wohnungsbau". An deene Gebidder mussen 2/3 vun alle Wunnengen, déi nei gebaut ginn, ënnert d'Kategorie "geförderte Wohnnutzfläche" falen, déi da fir 5 Euro de Metercarré verlount musse ginn. Mat engem Schlag sinn domat riseg Flächen oninteressant gi fir Spekulanten.

Un deem Modell kéint och Lëtzebuerg sech inspiréieren. Wa misst an all neiem PAP een 1/3 vun der Wunnfläch zu engem soziale Präis vu 5 Euro an ee weideren Drëttel zu engem abordabele Preis vun 10 Euro de Metercarré verlount ginn, da géifen och hei zu Lëtzebuerg d'Spekulanten d'Fanger vun eisem Bauland loossen. Vun engem Dag op deen aneren hätt hire Geschäftsmodell keng Grondlag méi. De Präis vum Foncier géif massiv erofgoen an déi ëffentlech a gemeinnützeg Bauträger kéinten do bëllege Wunnraum schafen.

A Kombinatioun mat enger Reform vun der Grondsteier, déi eidel Terrainen héich besteiert, kéinte mir de Problem vum Logement esou an de Greff kréien. Mir brauche just e bësse Courage.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.