Carte-Blanchen

D'Qualitéit an eise Schoulen

RTL - 29.09.2006, 08:05 - Fir d'lescht aktualiséiert: 25.11.2013, 18:37

Carte Blanche:

André Bauler

_________________________________

Ween erënnert sech net, wann en u seng Schoulzäit zréckdenkt, u Léierinnen, Schoulmeeschteren a Proffen, déi een beandrockt hunn, virun allem, well se pädagogescht Geschéck haten an ze begeeschteren woussten.

Datt een sech spontan u gutt a schlecht Enseignanten erënnert, weist, wéi wichtig d'Perséinlichkeet vun deenen ass, déi d'Jugend op hirem Wee an d'Zukunft begleeden. Mam Engagement vum Enseignant steet a fält all pädagogesch Entreprise.

Am August konnt een um ARD an engem Dokumentarfilm ënner dem Titel 'Beruf Lehrer' een Abléck an eng Realschule zu Mannheim kréien. Am Mëttelpunkt stoungen jonk an eeler Enseignanten. D'Kamera huet si ee ganzen Dag begleet, um Wee an d'Klass, am Cours, doheem beim Verbesseren, a Konfliktmomenter, Gespréicher mat Elteren, bei Konferenzen, an de Pausen, asw..

Et gouf sichtbar, datt jonk Mënschen Bezuchspersounen brauchen. Den Enseignant, deem säin Image mat ville Klischeeën behaft ass, muss Referenz sinn. Well Mënschen duerch Mënschen geprägt ginn. D'Praxis weist, datt Schüler sech gären begeeschteren a matrappen loossen. Dat ass de Fall, wann Enseignanten net nëmmen Wëssensvermëttler sinn, mä duerch een eegenen Stil impressionéieren, eng Linn hunn, Engagement verlaangen a eng gutt Portioun Humor matbréngen.

Virun allem sollen si de Schüler bäibréngen, kloer ze denken, sech z'organiséieren a propper ze formuléieren. Grad dat ass spéider am Beruff vun essentieller Bedeitung. Dacks huet een iewer d'Impressioun, datt an eisem Schoulsystem just gekuckt gëtt, ob d'Programmer op bestëmmt Beruffsbiller virbereeden. Dat leng geet net duer. Ass et net och wichteg, de Schüler ze hëllefen, selbststänneg ze ginn, si fit ze maachen, fir an diversen Liewenssituatiounen eens ze ginn ? Si opmierksam ze maachen, datt regelméissegt Schaffen a kreatiivt Denken sech lounen. An der Schoul soll also de ganze Mënsch forméiert ginn.

Viru kuerzem konnt een en anere Film um ZDF gesinn, deen d'Opbrochstëmmung weist, an där sech Indien befënnt. Och wann Indien nach ëmmer zolitt sozial Problemer huet, kuckt dach iewer eng wuessend Zuel vun Inder voller Selbstvertrauen an d'Zukunft, eng Zukunft, vun där si ausginn, datt si hinnen gehéiere wäert. Villfach ass Indien net méi dat ënnerentwéckelt Land, dat mir biswell kannt hunn.

Indien huet eng éiergäizeg a selbstbewosst Jugend. A si hunn Enseignanten, déi de Wee an d'Zukunft zeechnen a weisen, datt een an der Wëssensgesellschaft iwwer geeschtege Virwëtz, Kompetenz a Selbstdisziplinn seng perséinlech Zukunft ofséchere kann. Ween stoen bleift, deen ass schonn ee Schrack zréckgaang.

Sollte mer eis heiheem net och vum indeschen Optimismus matrappen loossen ? Mat Freed um innovéieren, mat Éiergäiz a Fläiss fanne mir sécherlech de séchere Wee an d'Zukunft, well nëmme sou kënne mir halen, wat mir hunn.



21. Sep 07:50  Lëtzebuerg iwwer alles !?
19. Sep 07:45  Den Doud
17. Sep 07:45  Fleeg am Walkampf
14. Sep 07:45  Wal-Personalien
12. Sep 07:45  Eng Natioun um Riserad
13. Juli 07:50  En ofgespeckte Premièresexamen
11. Juli 07:50  Si Walkaddoen op Käschte vum Staat erlaabt?
9. Juli 07:50  Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen!
6. Juli 07:50  Disruptiv
4. Juli 07:50  Wat ass de Conseil Supérieur pour un développement durable, oder Nohaltegkeetsrot?