Carte-Blanchen

Diskrepanz vun de Präisser

RTL - 27.09.2006, 08:05 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 04:26

Carte Blanche:

Marc Hostert

_________________________________

Ech hu mech lescht Woch nees net gepackt. Mäin Auto krut op dem Rond Point Schumann Lénksdrall a ruckzuck iwwert d'Autobunn soutz ech 20 Minutten drop mat der ganzer Family zu Tréier bäi mengem Lieblingspreis op der Terrass. E Lieblingspreis däerw ee jo spéitstens nees hu säit si drüben a mir hei, virtuell déi selwecht europäesch Verfassung hunn. D'Family huet sech bäim Konsum am Restaurant net zeréck gehalen; den Zahlmeister war jo derbäi.

An du koum se, d'Rechnung. Abee jo, hunn ech geduecht, hei kanns de nach esou richteg derbäimaachen. Fir ganzer 29 Euro an 70 Cent war et fir zwee Erwuessener, de klenge Wëllen an déi grouss Joffer. D'Kanner Menüen louchen teschend 2,50 an 4,50 an eng Kannerlimo vun engem Deci bei engem Euro.

Dat se e bestëmmte Grad u Kannerfrëndlechkeet 'drüben' hunn war mer bekannt. Ech hunn do studéiert an an den 90 Joeren haten si op den Unien scho Krabbelecken fir den Nowuess. Mä dat si och Pappefrëndlech sinn huet sech bäim Béier eréischt erausgestallt. 2,70 fir den 0,4 Humpen op der Terrass. Obwuel am Humpen méi dran ass an e méi nidderegen Präis huet wéi bäi eis, hellt do hir Frëndlechkeet nach net op. Hire Finanzminister kritt ganzer 16% vun der Rechnung.

Dat doten huet mer komesch geschéngt an ech si mer zu Tréier am Zentrum dräi aner Präisser opschreiwe gaang fir se mat deenen an der Stad ze vergläichen.

Ee Big Mac zu Tréier 2,99, eng Swatch Automatik 100 Euro an ech hun dem klenge Wëllen, der Joffer an menger léifster Fra eng Boule Glace um Cornet kaf fir een Euro 20. Nee, net eng, mä déi dräi Glacen zesummen. Deemno 40 Cent de Cornet.

Dagsdrop sinn ech, duerch mäi schlecht Gewësse geplot, bäi mäi Lieblingslëtzebuerger op d'Plëss gaang fir d'Beicht ofgeholl ze kréien, bäi deen ech niewebäi bemierkt vill méi oft iesse ginn wéi zu Tréier.

Virdrun hunn ech awer nach d'Präisser verglach. Ee Big Mac 3,45, deemno 15 % méi deier wéi zu Tréier, eng Boule Glace 1 Euro, 150% méi deier, an d'Swatch war och méi deier.

Elo geet et hei net dorëms Commerçanten an Betriber ze vernennen, well esouguer den Dommsten ënnert hinnen, wann et ee sollt ginn, wees dat de Konkurrenzdrock ëmmer méi grouss gëtt. Fro ass éischter wourunner läit dës grouss Diskrepanz vun de Präisser? Un de Léin, de Loyeren, der Wunnengsbaupolitik, un den Akafspräisser oder der Qualitéit vun de Produkter an Servicer ? Oder läit et un den Taxen, den Margen oder den Importweeer iwwert d'Belge.

Et bleiwen an dësem Kontext vill Froen op déi eng Äntwert brauche wa Lëtzebuerg den Akafszentrum vun der Grouss-Region soll ginn.

Iwweregens Tréier ass enger rezenter Étude no déi beschten Akafsstad an hirer Kategorie an Däitschland. Den Akafsindex läit bäi 232, dat heescht et gëtt zu Tréier méi ewéi 2 mol esou vill akaf wéi d'Populatioun vun Tréier eleng insgesamt kéint. Et gëtt deemno nach vill méi Leit déi ëmmer méi oft bäi hire Lieblingspreis ginn.

An dësem Sënn mat beschte Gréiss vun engem Stader dee mat Häerz a Séil Stader ass an och an Zukunft weider eng kompetitiv Offer an der Stad wëll hunn fir dat säin Auto nächste Kéier nees riichtaus fiert.



19. Jan 07:50  Wunnen zu Lëtzebuerg, wou läit de Problem ?
17. Jan 07:50  Finanzoperatioune fir jiddereen
15. Jan 07:50  Eng vergëft Ëmwelt huet Konsequenzen op d'Gesondheet
12. Jan 07:50  Korsika
10. Jan 07:50  Gudden Appetit, awer ouni Hypocrisie
8. Jan 07:50  Dat onerbittlecht Gesetz vum Sproochendoud
5. Jan 07:50  Fir méi Eegeverantwortung
3. Jan 07:50  Moral an Ethik
15. Dez 07:50  Kleeschen a co. - Chapeau
14. Dez 12:28  Méi Lëtzebuergesch duerch méi Sproochepraxis