Carte-Blanchen

Wann d'Politik sech ëm Studente streit ...

RTL - 20.09.2006, 09:42 - Fir d'lescht aktualiséiert: 25.11.2013, 18:37

Carte Blanche:

Josée Hansen

_________________________________

Soss wollt Lëtzebuerg och keng, där Studenten, déi nawell gäre kritesch Bierger sinn an dat och ausdrécken - wann et muss si matt Pavésteng déi fléien, wéi am Mee 68 zu Paräis. Zevill geféierlech Komeroden. Dofir hunn déi dichteg Leit hir dichteg Kanner an d'Ausland geschéckt, op d'Sorbonne oder op Cambridge, op d'ULB oder op Oochen, fir dass se do eppes géinge léieren a sech an engems d'Haaren ofstoussen - an dann zréck kéimen a bei de Stat géinge schaffe goen, oder op eng Bank, sech an eng Partei aschreiwen an da Carrière maachen.

Lëtzebuerger Héichschoulpolitik war ëmmer haaptsächlech Exportpolitik, d'Investissementer si virun allem an d'Bourse gefloss, déi di Lëtzebuerger Studenten kritt hu fir am Ausland ze liewen.

Zanter dem Gesetz vun 2003, matt deem d'Uni Lëtzebuerg gegrënnt ginn ass, gouf et allerdéngs ee fundamentale Wiessel an där Politik : matt deem Gesetz huet d'Regierung Juncker / Polfer deemools gesot : jo, mir wëllen eng Uni, a jo, mir akzeptéieren esouguer, dass da Studenten hei liewen, an nach eemol jo, mir wëllen och Suen dofir ausginn. Am Kontrakt deen d'Uni am gaangen ass matt der Regierung auszehandelen, engagéiert de Stat sech, fir all Joer méi eng grouss Zomm fir d'Uni zur Verfügung ze stellen : am Joer 2009 soll déi Dotatioun bei 72 Milliounen Euro ukomm sinn. Domat soll hir Entwécklung kuerzfristeg ofgeséchert sinn.

Parallel gi Studentewunnénge gebaut, an der Stat an zu Esch, d'Gemeng Lëtzebuerg mécht matt « Faim d'échanges » eng grouss Charme-Aktioun, fir dass d'Studenten sech hei wuel fillen a léiwer an der Haaptstad bleiwen wéi no 2009 op Esch ze plënneren. Esch dogéint triumphéiert, dass si och eng Kéier Unisstad ginn, wann d'Cité des sciences da bis op Belval gebaut ass. Dat ass nei : dass jiddereen elo Studente well, schonn alleng dëse Phänomen ass eng positiv Niewewierkung vun der europäescher Lissabonstratégie : Wëssen an Ausbildung ginn ewell positiv bewäert an nett méi als Menace. Op d'mannst zu Lëtzebuerg.

Well am Ausland ass dat mëttlerweil eng Grimmel anescht : déi belsch an déi éisterräichesch Regierung ënner anerem hunn näämlech erausfonnt, dass duerch all d'Efforten fir d'Mobilitéit vun de Studenten - zum Beispill d'Harmoniséierung vun den Diplomer an Bachelor - Master - Doktorat - esou vill Auslänner op hir Unie wollten, dass nett méi genuch Plaz fir hir national Ressortissanten war. Dowéinst hu si déi protektionnistesch Mesuren wéi Quoten oder Lotterien agefouert. Anerer, wei verschidden däitsch Bundeslänner, maachen eng Sélectioun iwwer héich Aschreiwungskäschten.

An dat ass dee ganze Paradox vun där aktueller Entwécklung um europäeschen Universitéitsmaart : op där enger Säit sollen Héichschoulstudien encouragéiert ginn, fir dass Europa nees ee Wëssensvirsprong kritt, mä op där anerer gëtt et ëmmer méi schwéier eng Uni ze fannen. Engersäits sollen d'Studente mobil sinn, sech an d'Ausland aschreiwe goen, mä op där anerer Säit kréie se dann do keng Plaz.

Wéi esou dacks ass Lëtzebuerg an där Entwécklung asynchron, well dës Uni esou jonk ass, an hire Ruff nach nett esou gutt , dass se Leit misst refuséieren, geet de Recteur nach Studente bis a China sichen an all Mënsch dee sech zur Zäit mellt, 100 Euro bezilt an déi richteg Diplomer huet gëtt och am Prinzip ugeholl.

Et stellt sech also eraus, dass den Ament ëmmer méi Demande no Basisformatiounen, Typ Bachelor besteet, mä d'Politiker dreemen awer nach ëmmer e bëssen vun enger Elitenuni, wou nëmmen Doktere géingen erauskommen. Mais de Sport weist, dass een, fir e puer Topathleten auszebilden, fir d'éischt och dee Breedesport muss ënnerstëtzen.



23. Abr 07:50  Altersaarmut duerch Steieren! Muss dat sinn?
20. Abr 07:50  Symboler am ëffentleche Raum
18. Abr 07:50  Rüstungsspiral = Angschtspiral
16. Abr 07:50  D'Wunnengskris an d'Protectioun vun de Locatairen
13. Abr 07:50  D'Kultur, onendlech Dimensiounen!
11. Abr 07:50  Wuesstem fréier a muer
9. Abr 07:50  Lëtzebuerger Finanzplaz un de Pranger gestallt, ma net alles erzielt
6. Abr 07:50  Nohaltegkeet a qualitative Wuesstem
4. Abr 07:50  Dem Stau entgéintwierken
30. Mäerz 07:50  Ouschterfreed