Carte-Blanchen

D'Prostitutioun legaliséieren oder net ?

RTL - 14.07.2006, 09:24 - Fir d'lescht aktualiséiert: 25.11.2013, 18:37

Carte Blanche:

Danielle Igniti

_________________________________

De kuerze Wuertwiessel iwwert d'Prostitutioun zwëschen e puer Deputéiert kierzlech an der Chamber, huet d'Haaptfro opgeworf, nämlech déi, op e soll d'Prostitutioun legaliséieren oder net ? Allerdéngs kenne mer nach ëmmer net déi offiziell Positioun vun de Parteien, wann et dann esou eng gëtt, a mir hunn och keng Äntwert op d'Fro kritt.

Et wär un der Zäit de Kapp aus dem Sand ze zéien an de Débat ze lancéieren. Den Débat soll net goen ëm Moral an doriwwer op d'Prostitutioun e Vice ass an de Client e Sënnebock. Et geet och net ëm ëffentlech Uerdnung, an ëm schockéiert Bourgeoisen déi fir d'Plus-value vun hirem Quartier zidderen. De Problem dee sech stellt ass en etheschen, an d'Fro ass op d'Prostitutioun eng Form vun Ausbeutung ass, déi muss aus der Welt geschaf ginn oder déi muss reglementéiert ginn.

Et gëtt déi eng déi mengen, datt jidderee fir sech selwer verantwortlech ass, an et säi perséinleche Choix ass ob ee sech well prostituéieren oder net. D'Prostitutioun wär e Beruff ewéi een aneren mat Cotisatiounen, Krankekeess , Pensiounskeess , jo firwat net mat Iwwerstonnen, Nuetsschicht, 13te Mount an Chèque Repas. Dass natierlech eng formidabel Geleegenheet iwwer Nuet Tonnen Aarbechtsplazen ze kreéieren.

Den Zynismus vun dëser Positioun, geet ganz kloer, wann een déi Leit freet ob se sech fir hir Duechteren dëse Beruff virstelle kënnen, ob si an hirem Betrib eng Persoun giffen astellen, déi e Curriculum virleet wou drop steet : vun 2000 - 2006 Prostituée dans lieux divers. Wat soen se wann de Fils Heem kënnt mat enger Frëndin déi als Beruff ewéi all aneren Prostituéiert ass?

An Holland wou d'Prostituton legaliséiert ass, gëtt et och Formatiounen also Schoulen fir Prostituéiert, komescherweis si se awer schlecht bis guer net besicht. De formidabele Beruff deen engem ënner Ëmstänn erlaabt Porsche ze fueren a Gucci ze kafen, schéngt dann awer net esou e grousse Renner ze sinn.

An iwweregens si wéinstens 70 % vun de 25 000 Prostituéiert an Holland, Immigrantinnen, fir déi d'Legalisatioun net zielt, well se weder eng Openthaltsgenehmegung nach eng Aarbechtsgenehmegung hunn. Si sinn d'Sklavinnen vum 21te Joerhonnert am Land vun de sexuelle Rechter a Fräiheeten. Si gehéieren zu deenen 500 000 Fraen aus den osteuropäesche Länner an aus Asien, déi all Joer an Europa verschleeft ginn.

Bis haut huet d'Politik kee Wee fonnt fir do Remedur ze schafen. Ass et Gläichgëltegkeet, ass et Inkompetenz oder spillt den ekonomesche Facteur, well et gëtt jo Geld verdéngt mat Mënschenhandel a Prostitutioun? An dat Geld - et gëtt vun 72 Milliarden Dollar am Joer geschwat - land bei de Banken.

Mee wann ee Prostitutioun stoppt, stoppt een och de Fraen- an de Kannerhandel? Doriwwer soll een emol vläicht nodenken.

D'Grenz zwësche gewolltener a gezwongener Prostitutioun ass net esou einfach ze maachen wéi dat ëmmer duergestallt gëtt. Wann d'Chineesin haut 40 Dollar vum Client kritt an op enger Chaine an enger Fabrik 4 Dollar pro Stonn verdéngt, kann een da vu Choix schwätzen?

An d'Männer, well ëm deenen hire Besoin geet et jo, kënnen déi all den Ënnerscheed maachen zwësche Fraen déi wëllen an aneren déi net wëllen.

A wa mer d'Fro vum Choix stelle mussen, firwat stelle mer se net och de Männer a froen : firwat trefft Dir de Choix de Kierper vu Millioune Fraen a Kanner ze kafen, dat da Sex ze nennen an anscheinend och nach d'Freed dobäi ze emfannen?



20. Abr 07:50  Symboler am ëffentleche Raum
16. Abr 07:50  D'Wunnengskris an d'Protectioun vun de Locatairen
13. Abr 07:50  D'Kultur, onendlech Dimensiounen!
11. Abr 07:50  Wuesstem fréier a muer
9. Abr 07:50  Lëtzebuerger Finanzplaz un de Pranger gestallt, ma net alles erzielt
6. Abr 07:50  Nohaltegkeet a qualitative Wuesstem
4. Abr 07:50  Dem Stau entgéintwierken
30. Mäerz 07:50  Ouschterfreed
28. Mäerz 07:50  Ons Sprooch
26. Mäerz 07:50  Dat neit Sproochegesetz