Carte-Blanchen

Eis Festungsmaueren an Héichiewen

RTL - 12.07.2006, 08:55 - Fir d'lescht aktualiséiert: 25.11.2013, 18:37

Carte Blanche:

Josée Hansen

_________________________________

Wann een am nei opgemaachene Mudam steet an eraus kuckt, da gesäit ee vru sech Festungsmaueren, déi zum Deel erëm opgebaut goufen. Déi Festungsmauere waren ee vun de Grënn, firwat dëse Siten den Architekt IM Pei iwwerhaapt interesséiert huet, hie wollt hei al an nei, Vergaangenheet an Zukunft verbannen. An déi Mauere waren an engems den Ausléiser vun engem laange Sträit ëm de Musée, well d'Frënn vun der Festungsgeschicht Angscht haten, et géing alles verschampeléiert ginn. An elo, zwanzeg Joer méi spéit, gëtt et en ähnleche Sträit op Esch-Belval, net ëm eng Festung, mä ëm d'Héichiewen. Mä et ass a Wierklechkeet ëmmer dee selwechten, éiwege Sträit « des anciens et des modernes ».

-----

An engem erstaunlechen Interview an der Wochenzeitung Woxx geet d'Christiane Steinmetzer, d'Direktesch vum Service des Sites et Monuments Nationaux, esou richteg aus sech eraus : si géing vun hirem Ministère am Stach gelooss ginn, hätt net genuch Leit, an iwwerhaapt, zu Esch géing de Fonds Belval egal wat maachen, géing am léifsten d'Héichiewen total ofrappen.

Erstaunlech ass deen Interview besonnesch, well déi Fra, am Contraire zu hirem Virgänger op där Plaz, dem Georges Calteux, sech soss bal ni zu Wuert mellt. Mä esou Explosioune vu Frust a Roserei si meeschtens en Zeechen, dass et hannert de Kulissen esou richteg héich hiergeet.

De Sträit geet ëm d'Héichiewen op Esch-Belval, déi zwee lescht déi nach do stinn, den A an de B, déi zënter Enn vun den 90er Joeren aus sinn, mä déi d'Regierung wëll halen, fir un déi ze erënneren, déi am Ufank vum 20ste Joerhonnert hei de Räichtum vum Land erschafen hunn. Dat ass jo ok, déi Gebaier sinn impressionant, a si si wonnerschéin, esou roueg a majestuéis op där Friche den Ament. Mä den Däiwel ass am Detail.

Well tëscht dräi méiglechen Szenarien, tëscht alles oder näischt halen, huet d'Regierung sech op gutt lëtzebuergesch fir deen aus der Mëtt décidéiert. Elo soll een Héichuewe bal ganz an deen aneren nëmmen als Silhouette, an eng Partie vun den Anlage ronderëm erhale ginn, fir ronn 16 Milliounen Euro, plus 50 Millioune fir den Ënnerhalt op 30 Joer. Dat ass schonn eng Staang Geld.

Mä de Mouvement Écologique, deen zënter Uganks dës Jores fir den Erhalt vun där integraler Héichuewen-Anlag militéiert, ass net zefridde mat där Versioun. Si fannen, dass de Fonds Belval déi Industriegebaier verschampeléiert well een Elementer ewech rappt, si wëllen dass alles gehale gëtt. An eng nei gegrënnten Amicale vun den Héichiewen, setzt sech esouguer dofir an dass se esou restauréiert ginn, dass ee se quasi all Zäit nees kéint ufänken.

E bëssen erënnert dat Eee jo alles un de Sträit ëm de Mudam : op Belval soll ee ganz neie Quartier entstoen, e bësse wéi de Kierchbierg an der Stad deemools. Dat wat d'europäesch Institutioune fir de Kierchbierg sinn, soll d'Cité des Sciences zu Esch ginn, mat der Uni, de Centres de Recherche Publics an den Archiven. Den Architekte-Concours fir déi Cité des Sciences ass am gaang ; bis Enn dës Joers sollen d'Resultater virleien, e puer vun deenen interessantsten Architekte-Bureauen op der Welt maache mat. D'Héichiewen solle sech dann als Monument an deen neie Kontext aschreiwen.

Mä d'Militante vum Mouvéco wëllen, dass déi ganz Anlag d'Häerzstéck vun engem Industrie-Musée gëtt. Um Kierchbierg hunn d'Frënn vun der Festungsgeschicht de Festungs-Musée als Bakschisch kritt, fir dass se de Pei-Musée donieft géingen akzeptéieren. Also seet ee sech dann, an dass och zu Esch d'Frënn vun den Héichiewen e Musée kréien fir dass se zefridde sinn. Esou maache mir dat zu Lëtzebuerg, a mer nennen dat Konsens.

Mä iergendwéi huet dat alles e battere Goût, wa bis eis sougenannten Identitéit als Virwand, nee, als Geisel geholl gëtt, fir all Verännerung ze verhënneren, fir de ganze Grandduchi an de Formol ze leeën. Well ganz éierlech, wann een um Kierchbierg dei erëm opgebaute Festungsmauere gesäit, da kënnt ee sech wierklech vir wéi an Disneyland, e bësse gesäit dat alles aus wéi ee grousse Bottercrèmeskuch, esou irreeël a kitscheg. Net dass een alles soll an e Koup dynamitéieren, mä e Land, dat seng Modernitéit wëll affichéiere muss och Verännerung akzeptéieren, unerkennen, dass seng Landschaft sech adaptéiert un nei Liewesconditiounen an nei Generatiounen vun Awunner - an deenen hir Besoinen.



13. Juli 07:50  En ofgespeckte Premièresexamen
11. Juli 07:50  Si Walkaddoen op Käschte vum Staat erlaabt?
9. Juli 07:50  Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen!
6. Juli 07:50  Disruptiv
4. Juli 07:50  Wat ass de Conseil Supérieur pour un développement durable, oder Nohaltegkeetsrot?
2. Juli 07:50  Mënsche si keen Dreck!
29. Juni 07:50  Wirtschafts-Standuert-Politik
27. Juni 07:50  Natioun
25. Juni 07:50  De Kapitalismus léisst sech net reforméieren!
22. Juni 07:50  Micro-Assurance a Micro-Versécherung fir Awunner aus Entwécklungslänner