Carte-Blanchen

TGV Lëtzebuerg - Paräis

RTL - 16.06.2006, 08:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 25.11.2013, 18:37

Carte Blanche:

Marc Hostert

_________________________________

Duerch den Asaz vum TGV op der Streck Paräis-Lëtzebuerg wäert vum Juni 2007 den Terme Proximitéit an der Groussregioun méi relativ ginn.

Vun der nächster Woch un, gëtt den TGV tëschent Paräis a Lëtzebuerg fir déi éischt Kéier agesat. Et wäert awer nach bis de Juni 2007 daueren bis den TGV op dëser Ligne mat senger maximaler Vitesse vun 350 km an der Stonn fuere kann. Konkret heescht dëst dass vum Juni 2007 u sech d'Notioun vun der Proximitéit zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun relativéiere wäert.

Brauch een haut nach ronn dräi an eng hallef Stonne fir mam Zuch op Paräis ze fueren, der zwou an eng hallef fir op Bréissel, eng Stonn fir op Tréier an zwou Stonne fir op Stroossbuerg ze fueren dann ass dëst vum Juni 2007 un anescht, dann dauert d'Rees op Paräis manner laang wei Zuchrees op Bréissel bei eis belsch Frënn an et ass ee bal esou séier mam Zuch zu Stroossbuerg ewéi zu Tréier. Vu Saarbrécken a Mainz brauch ee schonn net méi ze schwätzen, dës Stied si vun dann u relativ an der Pampa.

Dës TGV- Ligne bedeit och d'Ubannung vun 2 Groussregiounen, engersäits Groussregioun Saar-Lor-Lux mat 11 Milliounen Awunner mat hirem Zentrum Lëtzebuerg an anersäits der Ile de France mat 20 Milliounen Awunner mat hirem Zentrum Paräis.

Déi nei TGV-Ligne wäert eng ganz Rei Ëmwelzunge mat sech bréngen. Den Accès aus an a Frankräich gëtt duerch dës nei Ligne méi liicht a méi einfach. De franséischen Aarbechtsmaart gëtt méi wäit erschloss an d'Opéra Bastille ass op e Kazesprong fir de Lëtzebuerger. De Pei-Musée an d'Philharmonie komme méi no fir de Paräiser a fir d'Awunner aus der Ile de France.

Dësen neie Standuert-Virdeel deen duerch den Asaz vum TGV-Est entsteet ass eng grouss Erausfuerderung a Chance fir Lëtzebuerg. Dës nei Ubannung ass eng Chance fir eis Wiertschaft, den Tourismus de Kulturtourismus op der ganzer Ligne. Dofir muss awer eng Lisibilitéit a Visibilitéit vun eiser Offer entstoen déi a Frankräich a besonnesch zu Paräis opfält. Et wär nämlech Schued wann dës nei TGV Ligne déi zu engem Unenee-Réckelen vun dësen zwou Regioune féiert net och positive Repercussioun op dat kulturellt Liewen an op den Tourismus zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun hätt.



13. Juli 07:50  En ofgespeckte Premièresexamen
11. Juli 07:50  Si Walkaddoen op Käschte vum Staat erlaabt?
9. Juli 07:50  Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen!
6. Juli 07:50  Disruptiv
4. Juli 07:50  Wat ass de Conseil Supérieur pour un développement durable, oder Nohaltegkeetsrot?
2. Juli 07:50  Mënsche si keen Dreck!
29. Juni 07:50  Wirtschafts-Standuert-Politik
27. Juni 07:50  Natioun
25. Juni 07:50  De Kapitalismus léisst sech net reforméieren!
22. Juni 07:50  Micro-Assurance a Micro-Versécherung fir Awunner aus Entwécklungslänner