Carte-Blanchen

Lëtzebuerg - Spaassgesellschaft

RTL - 12.06.2006, 10:49 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2009, 11:45

Carte Blanche:

Josée Hansen

_________________________________

Virun eppes méi wéi engem Mount huet de Premier Jean-Claude Juncker an der Chamber, a senger Ried zur Lag vun der Natioun, d'Leit zu « nationaler Solidaritéit » an « individueller Responsabilitéit » opgeruff, ëm Versteesdemech gebieden fir d'Spuermesuren an d'Steiererhéijungen déi elo kommen. Viru 6 Joer schonn, hat en ugekënnegt, dass d'Spaassgesellschaft eriwwer wier.

Ass et d'Fréijoer, ass et d'Sonn, ass et hormonell oder éischter genetesch, mä éierlech : ech si fir d'Spaassgesellschaft. Wa Kultur dann zur Spaassgesellschaft gehéiert...

Zënter Méint schonn, nee, zënter Joere kréie mer erkläert, dass mer musse spueren a méi Steiere bezuelen. De ganze Regierungsdiscours dréint zënter dem neie Joerdausend nëmmen nach ëm Hiobsbotschaften, spéitstens zënter 9-11 wësse mer dass d'Regierungen alles an d'Leit näischt däerfen. Dat ass esou ee Gefill, dat sech breet gemaach huet, ënnert anerem och Dank der Krichsdreiwerei vum George W. Bush, dass ee muss verstoen, keng individuell Rechter méi ze hunn, wéinst der Sécuritéit. Dass den Amerikaner hir Jongen nëmmen nach a Këschte mam Fändel drop aus dem Irak heem kommen ass wuel dann nëmmen en Detail.

Wann zu Lëtzebuerg e Fax vun Ankara ukënnt, deen eng Fraerechtlerin a Journalistin, déi sech fir d'kurdescht Vollek agesat huet, Terroristin nennt, da gëtt déi Fra einfach esou an ouni Prozess dräi Méint laang hanner Gitter gesat a behandelt wéi dat Lescht - et ass fir sech ze schummen. « Der Staat ist Moloch » soten se beim Frank Castorf an de Meistersinger d'lescht Woch, an et huet ee mussen un d'Zubeyde Ersöz denken.

Elo solle mir an engems manner Suen um Enn vum Mount erauskréien, an der méi ausginn, am léifsten hei zu Lëtzebuerg, well dat gutt fir den Handel ass. Manner Suen Enn dës Mounts ze kréien ass fir déi normal lëtzebuerger Paien och nach ok, mä da muss ee kënne matschwätzen, fir wat déi Suen ausgi ginn. Ech perséinlech hat nach ni de Besoin no engem Krichsfliiger, e Pazifissem ass eng vun de grousse Qualitéite vum Grand-Duché. An et muss och net all Grashallem laanscht eng Autobunn vun enger gëllener Stallanter beliicht sinn. Mä Kultur, déi brauch ee fir ze liewen.

Well Kultur, déi mécht ee méi intelligent a méi oppe fir d'Welt ronderëm een, déi deet ee laachen oder kräischen, vibréieren oder mécht ee rosen. « Si bréngt d'Leit méi no an dréit dozou bäi, dass mer a Fridde liewen, » sot de Frank Feitler e Sonnde beim Felix op der Télé. A wann dat och e bësse grouss kléngt, dann ass et awer wouer. Well wann ee mat de Leit laacht an danzt, dann huet ee forcément manner Loscht, hinnen deen aneren Dag Bommen op de Kapp ze geheien.

De Jean-Claude Juncker seet ëmmer am Geck, dass en Arte net kéint ausstoe, well do ëmmer Operen drop wieren. An an der Kulisse lafen elo schonn d'Wetten, ob ee sech bei der Ouverture vum Mudam weist oder net. Just fir de Verglach : de franséische Premierminister Dominique de Villepin, deen zwar innepolitesch an zimlech schlechten Dicher stécht, hat awer nach de Wellen, eng grouss Ausstellung mat zaitgenëssescher franséischer Konscht am Grand Palais ze organiséieren.

De Spuerdiscours vun der Regierung huet schon eischt Schiet gemaach, d'Leitt dobausse soen, dass mer daat alles nett neidech hun, dei Prunkbauten do wei de Peimusée oder d'Philharmonie. An ech soe : vlaicht haett ee kenne mei bellech bauen, mais d'Philharmonie ass immens, e rieseche Succès, nett nemme vun der Zuel vum Publikum hir, mais och waat d'Kaliteit vun der Programmatioun ugeet, de Groussen Theater huet eis endlech konnekteiert matt der Welt, an de Mudam gett bestemmt nett manner gudd...

Den intellektuellen Discours ass wichteg fir d'Évolutioun vun enger Gesellschaft, nëmmen esou kënnt se weider. Och dat ass Europa, et muss een net nëmme « schweesse fir Europa », et kann een och laachen oder nodenken iwwer Europa. Net iwwert en dréchene Konstitutiounstext, mä iwwert en Theatertext, eng Karikatur oder e Liddertext aus dem Nopeschland.

Et gëtt vill Niveauen an der Spaassgesellschaft. Et gëtt héisch Kultur, mat Klassik, Oper, Konscht oder Literatur. An et gëtt Popkultur mat Rockmusek, Kino, Flipper spillen, Televisioun an Internet surfen.

A genee do läit d'Ironie vun der Geschicht : well Lëtzebuerg lieft zum Deel vun der Spaassgesellschaft. Nieft dem Arcelorsstool an der Finanzplaz sinn et Film, Radio a Fernseh, an zënter kuerzem och d'Downloadservicer vun AOL, Amazon oder Apple iTunes, déi eis Keese fëllen. Wann de Benzin an d'Zigaretten bis esou deier sinn, dass kee Frontalier sech se méi leeschte kann, da si mer frou, dass wéinstens nach d'TVA dovunner erakënnt. Och dofir soen ech : vive d'Kultur ! A vive d'Spaassgesellschaft !



13. Juli 07:50  En ofgespeckte Premièresexamen
11. Juli 07:50  Si Walkaddoen op Käschte vum Staat erlaabt?
9. Juli 07:50  Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen!
6. Juli 07:50  Disruptiv
4. Juli 07:50  Wat ass de Conseil Supérieur pour un développement durable, oder Nohaltegkeetsrot?
2. Juli 07:50  Mënsche si keen Dreck!
29. Juni 07:50  Wirtschafts-Standuert-Politik
27. Juni 07:50  Natioun
25. Juni 07:50  De Kapitalismus léisst sech net reforméieren!
22. Juni 07:50  Micro-Assurance a Micro-Versécherung fir Awunner aus Entwécklungslänner