Carte-Blanchen

D'Sprooche-Situatioun am Lëtzebuerger Land

RTL - 17.05.2006, 17:43 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2009, 11:45

Carte Blanche:

Marc Hostert

_________________________________

Eng vun deene gréissten Erausfuerderungen an nächster Zukunft hei am Land ass d'Sprooche-Situatioun. Wat fir eng Sprooche gebrauche mer an wat fir eng Sprooche brauchen mer?

D'Situatioun ass scho bemierkenswäert, engersäits am ëffentleche Secteur ass d'lëtzebuergesch déi meescht gebrauchte Sprooch anersäits an de privaten Entreprisen déi franséisch Sprooch. Insgesamt gëtt ob der Aarbecht lëtzebuergesch als éischt Sprooch an 41% vun de Fäll ugewannt, franséisch an 39%, däitsch a 7 % , englesch a 5%. Dëst ass enger Étude vum CEPS no déi aktuell reeëll Sprooche-Situatioun um Aarbechtsmaart.

An trotzdeem mussen eis Schüler sech an der Schoul mat dräi Sproochen erëmklappen a vill vun hinne bleiwen op der Streck well se an de Sprooche keen Talent hunn. Als Konsequenz huet de Resident a ville Fäll da keen Diplom wann en aus der Schoul kënnt. Säi Kolleg aus der Belsch, Frankräich oder Däischland huet sech net huet misste mat dräi Sprooche ploen an huet villäicht dofir méi liicht en Diplom kritt a kritt op dëser Basis en Job zu Lëtzebuerg. Do kënnt ëmmer méi oft d'Fro op : Si mer da méi domm wéi de Gebrauch firwat doe mer eise Schüler dat un? An enger Groussregion mat 11 Milliounen Awunner vun deene 7 Millioune Franséisch schwätzen engem privaten Aarbechtsmarché wou Franséisch de loin déi meescht geschwaate Sprooch ass firwat do nach Däitsch ?

Économesch gesi kéint dëst kuerzfristeg eng Fro sinn. Mä Lëtzebuerg ass keng Firma mä eng Natioun. Eng Natioun huet Wäerter an deenen hir Bierger sech erëmkennen an déi Identitéit vun dëser Natioun ausmaachen. Spéistens wann ee Statistike kuckt vun den Zäiten déi de Lëtzebuerger virun der Television verbréngt da si mer orientéiert, nämlech Majoritär nach “Drüben”. Kulturell spillt a wäert déi däitsch Sprooch weider eng wichteg Roll spillen. D'Mixtur tëschent deenen zwou grousse Kulturen ass zum groussen Deel Grondlag vun eiser Identitéit eiser Originalitéit an och vun eisem économeschen Erfolleg.

D'Erausfuerderung besteet doranner déi richteg Balance tëschent de Besoinen vun eiser Wiertschaft an deene vun eiser nationaler Identitéit ze fannen an dëst ouni faul an kuerzfristeg Kompromësser déi potential vu Lëtzebuerg mëttel- a laangfristeg hypotekéieren. Dëst ass eng komplex Matière an d'Décisioune musse laangfristeg ugeluecht sinn, fir dem Standuert Lëtzebuerg an dem eenzelene Bierger seng Chancen an der Zukunft net ze verbauen.

Geschicht vu Lëtzebuerg weist eis datt et och Zäite gouf wou Lëtzebuerger an d'Groussregioun schaffe gaange sinn a kee seet eis dass dës Zäite fir ëmmer Passé sinn.

Meng Groussmamm war zu Paräis an zu Bréissel am Déngscht huet deemo a Frankräich an an der Belsch geschafft, et kéint sinn datt meng Kanner an Enkelen an Däitschland oder an däitsche Betriber zu Lëtzebuerg wëllen oder musse schaffen. Dëst ass eng Chance déi mer dem Standuert Lëtzebuerg an dem Eenzelnen net huelen däerfen.



24. Sep 07:45  Circonscription unique
21. Sep 07:50  Lëtzebuerg iwwer alles !?
19. Sep 07:45  Den Doud
17. Sep 07:45  Fleeg am Walkampf
14. Sep 07:45  Wal-Personalien
12. Sep 07:45  Eng Natioun um Riserad
13. Juli 07:50  En ofgespeckte Premièresexamen
11. Juli 07:50  Si Walkaddoen op Käschte vum Staat erlaabt?
9. Juli 07:50  Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen!
6. Juli 07:50  Disruptiv