Carte-Blanchen

Nei Tâche vun eisen Enseignanten

RTL - 11.05.2006, 08:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2009, 11:45

Carte Blanche:

Denis Scuto

_________________________________

Viru kuerzem huet d'Éducatiounsministesch Mady Delvaux-Stehres d'Gewerkschaften agelueden, fir mat hinnen iwwert den zukënftege Profil vum Enseignant an d'Ännerungen an der Tâche, déi domatter verbonne sinn, ze diskutéieren. Wann d'ëffentlech Schoul eng Zukunft soll hunn, dann ass déi Diskussioun bluttnoutwenneg.

Wéi ech am Lycée war, hu mer zu Esch eng Schülerzeitung erausginn, déi huet “De Kregéilert” geheescht. Mat engem Autocollant hu mer dofir Reklamm gemaach. Dorop stoung: Schreif dech fräi. All Artikel hu mer gedréckt, ouni Zensur. All Meenungen zougelooss.

D'Pensée unique hu mer deemools scho refüséiert. Haut refüséieren ech se nach ëmmer. Och a grad, wann neierdéngs Enseignantsgewerkschaften, dorënner och meng eegen, domatter gereest kommen. Ech sinn zum Beispill wéi d'Ministesch der Meenung, dass een Enseignant, dee just seng - soe mer - 21 Stonnen an säi Klassesall hale kënnt an dann Heem geet, den neien Erausfuerderungen an der Schoul an de Kanner, déi jo anscheinend net méi einfach ginn, net gerecht ka ginn.

Huele mer als Fallbeispill d'Evaluatioun: Haut freet eng ganz Gesellschaft - Entreprisen, Elteren, Universitéiten - no, wat d'Kanner da wierklech bei eis an der ëffentlecher Schoul léieren, wellech Kompetenzen se hunn, am Liesen, an der Mathé, an de Sciencen, an der Teamfäegkeet, an der Selbststännegkeet. De Premièresdiplom a Punktemoyenne soen do einfach net méi genuch aus.

Mee wann ech wierklech wëll évaluéieren, wat e Schüler kann, da setzt dat e kontinuéierlechen Dialog tëscht Enseignant a Schüler iwwer seng Fäegkeeten a seng Feeler, och iwwer Remédiatiounsmesüre viraus. Deen Dialog kann net nëmmen innerhalb vun de Schoulstonne stattfannen. Dofir brauch ech och Zäitplangen doriwwer eraus.

Zäit brauche mer och fir eis mat eise Kollegen ze concertéieren an de Kontakt mat den Elteren ze fleegen, fir Weiderbildung. Nëmmen deen Austausch mécht eis kapabel, pädagogesch nei Virgoensweisen ze léieren, wéi déi erwähnte formativ Évaluatiounspraktiken .

Wann d'Press net méi op Argumenter erafällt wéi “D'Schüler musse mol erëm léieren Efforten ze maachen”, da well d'Journalisten hoergenee wëssen, dass eisen Évaluatiounssystem jo guer net d'Efforte vun de Schüler honoréiert an encouragéiert, mee just d'Resultater, a mer eis dofir als Enseignant jo guer net brauche fir d'Efforte vum eenzelne Schüler a fir säi Léierwee ze intresséieren.

De Renner a ville Lieserbréiwer ass zur Zäit - zum Beispill a punkto Efforten - en Artikel vum Dëschtennis-Nationaltrainer Christer Johansson, deen e Mentalitéitswiessel fuerdert. Interessanterweis zitéiert keen de Passage, an deem de Johansson sech wonnert, dass hei zu Lëtzebuerg d'Geld méi wichteg ass wéi d'Zefriddenheet am Beruff. D'Zefriddenheet am Beruff, d'Schoul als flotte Liewensraum, deen Enseignanten a Schüler zesumme schafen, dorëms geet et och bei der noutwendeger Reform vun der Tâche. An do wire mer zu etlechen Enseignante frou mam Mady Delvaux-Stehres a mat der Regierung doriwwer ze diskutéieren. Well do hu mer als Enseignante ganz vill dobäi ze gewannen.



21. Sep 07:50  Lëtzebuerg iwwer alles !?
19. Sep 07:45  Den Doud
17. Sep 07:45  Fleeg am Walkampf
14. Sep 07:45  Wal-Personalien
12. Sep 07:45  Eng Natioun um Riserad
13. Juli 07:50  En ofgespeckte Premièresexamen
11. Juli 07:50  Si Walkaddoen op Käschte vum Staat erlaabt?
9. Juli 07:50  Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen!
6. Juli 07:50  Disruptiv
4. Juli 07:50  Wat ass de Conseil Supérieur pour un développement durable, oder Nohaltegkeetsrot?