Carte-Blanchen

Lëtzebuerg: schwéierfälleg Gesetzer, Prozeduren an Entscheedungsstau?

RTL - 04.05.2006, 08:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 26.11.2013, 08:00

Carte Blanche:

André Bauler

_________________________________

D'Land stécht am Décisiounsstau. Et gëtt méi diskutéiert, gezéckt, gepléischtert a gestridden, wéi gehandelt an ëmgesat. Déi wierklech strukturell Reforme goufe vun der Tripartite op Mokuchsdag verluegt. Deemno läit d'Verantwortung lo beim Parlament.

Déi schwiereg Zäite verlaangen effektiv Entscheedungen, déi d'Land fit fir d'Zukunft maachen. Dës Décisioune mussen de richtegen Ament geholl ginn. Virun allem an enger Welt, an där d'Informatioune mat Liichtgeschwëndegkeet zirkuléieren, an an där de Facteur Zäit ëmmer méi décisiv gëtt. Administrativ Weeër musse manner komplizéiert, méi kuerz a méi schnell ginn. Villfach ass dat awer leider net de Fall.

Eise Statsapparat kränkelt un engem Iwwermooss u Reguléierung an u schwéierfällege Gesetzer. Wann et heescht, ee Lycée ze bauen, brauche mir dacks eng hallef Éiwegkeet. Duerchschnëttlech 8 Joer, wann ee mol vum Réidener Lycée ofgesäit. Hei haten d'Gemengepolitiker der Regierung am Virfeld e sëlleche Steng aus dem Wee geraumt. Par konter weist de jorelaangen Immobilismus beim Ausbau vum Ettelbrécker Lycée, wéi schwéier de Stat sech deet fir zügeg ze schaffen. Wéivill kostbar Zäit goung alleng an dësem Dossier verluer ?

D'Politik muss dofir suergen, Steng aus dem Wee ze raumen. Dacks gëtt si där Exigenz awer net gerecht. Dat bescht Beispill ass d'Landesplanung, een essentiellen Zukunfts-Beräich, an deem et leider nëmme schleefend viru geet. Doriwwer eraus maachen laang, komplizéiert Prozeduren a juristesch Onsécherheeten d'Wunne fir vill jonk Leit onerdreeglich deier.

Lëtzebuerg erënnert un däitsch Verhältnisser. Eis Gesellschaft steet sech ze dacks selwer am Wee. Well mer kleng sinn, misste mer eigentlech méi liicht manövréiere kënnen. Dat ass awer längst net méi wouer. Denke mer nëmmen un d'Zäit, déi hei am Land gebraucht gëtt, fir eng Entreprise ze lancéieren. Et brauch Wochen a Méint, während et op OCDE-Niveau en Moyenne knapps ee Mount dauert an an Dänemark eng kleng Woch.

Et muss dofir erlaabt sinn ze froen : Feelt et eis un der néideger Opbrochstëmmung ? Jonk, dynamisch Économien an anere Regioune vum Globus fuerderen eis eraus. Ween doropper mat Lethargie oder enger Titanic-Haltung reagéiert, ass vu vir eran verkaf.

Dofir : ween de Courage, d'Ausdauer an d'Wäitsiicht huet, Prozeduren ze vereinfachen, europäesch Direktiven 1 zu 1 ëmzesetzen amplaz se mat zousätzleche Bestëmmungen ze belaaschten, dee mécht dem Bierger d'Liewen méi liicht an hëlleft dem Land eng Zukunft a Wuelstand ze sécheren. Dat ënnerscheed de Politiker vum Statsmann. Dat ass echt Gouvernance am Déngscht vum Bierger an der Économie. Dat ass responsabelt Handele fir d'Zukunft.



13. Juli 07:50  En ofgespeckte Premièresexamen
11. Juli 07:50  Si Walkaddoen op Käschte vum Staat erlaabt?
9. Juli 07:50  Ee Stiermchen am Wäiwaasserglieschen!
6. Juli 07:50  Disruptiv
4. Juli 07:50  Wat ass de Conseil Supérieur pour un développement durable, oder Nohaltegkeetsrot?
2. Juli 07:50  Mënsche si keen Dreck!
29. Juni 07:50  Wirtschafts-Standuert-Politik
27. Juni 07:50  Natioun
25. Juni 07:50  De Kapitalismus léisst sech net reforméieren!
22. Juni 07:50  Micro-Assurance a Micro-Versécherung fir Awunner aus Entwécklungslänner