Carte-Blanchen

D'Katastrof vun Tschernobyl: op der Sich no der Wourecht

RTL - 28.04.2006, 10:00 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2009, 11:45

Carte Blanche:

Tom Wirion

_________________________________

Virun 20 Joer ass de Block 4 vum ukraineschen Atomkraaftwierk explodéiert. Folge vum Accident reeche raimlech an zäitlech wäit iwwert d'Joer 1986 an iwwert d'Ukraine eraus. 500 Milliounen Europäer (och mir Lëtzebuerger) goufe mat radioaktivem „Fall-out“ berieselt. An der Ukraine hunn 350.000 Leit missen évacuéiert an ëmgesidelt ginn, vill leiden u Krankheeten oder sinn un Kriibs gestuerwen.

D'Commémoratioune stinn am Zeeche vun heftegen Diskussiounen iwwert d'Zuel vun den Doudesaffer; jidderee beansprucht vir sech d'Wourecht ze hunn.

An hirem Rapport mat der Iwwerschrëft „Dat richtegt Ausmooss vum Accident“, nennt d'UNO d'Zuel vun 4.000 Affer. Een dach éischter kéngen Titel, wann ee bedenkt, dass d'Étude d'Auswierkungen vun der Radioaktivitéit an anere Länner ausschléisst an et Onsécherheeten iwwert d'Auswierkunge vun nidderege laangzäitege Strahlendosen gëtt. Et hätt der Glafwierdegkeet vun esou engem wichtege Rapport jiddefalls net geschuet, wann een zum Ausdrock bruecht hätt, datt d'Ausmooss vum Accident eng Rechnung mat villen Onbekannten ass. Méi Zeréckhaltung kéint ee sech awer och vu Säite vun den 'Öko-Lobbyisten erwaarden. Si wëlle genau wëssen, datt déi wierklech Doudeszuel ëm ee villes - 5 bis 10x - méi héich läit.

D'Dignitéit vun de Verstuerwene verlaangt Oprichtegkeet bei de Berechnungen a keng bëlleg Polemik. Allerdéngs ass net auszeschléissen, dass déi reell Konsequenze wahrscheinlech ni wäerten genau beziffert kënne ginn. Et ass eng schwiereg Bilanz, well kuerz no Tschernobyl och déi al Sowjetunioun zesummegebrach ass, mat dramatesche sozialen a wiertschaftlechen Auswierkungen, déi net ëmmer liicht ze trenne sinn vun de Folge vun der Reaktor-Katastrof. Dobäi kënnt, datt eng konkret Miessmethod feelt an d'gesondheetlech Spéitfolgen zum Deel eréischt no Joerzéngte siichtbar ginn.

Fir de Sträit iwwert déi weider Notzung vun der Atomenergie spillt dat richtegt Ausmooss vum ganze Misère eigentlech keng Roll; et gesäit allerdéngs esou aus ewéi wann et awer an deem Sënn géif instrumentaliséiert ginn.

Den Zoufall wëll, datt 20 Joer duerno, am Kontext vun héije Pëtrolspräisser an d'Bestriewungen no sécherer Energieversuergung déi zukënfteg Ausriichtung vun der Energiepolitik een Thema ass. Villes deit drop hin, datt d'Atomenergie eng zweet Chance kritt: d'USA an Europa sinn am gaang sech dorop ze preparéieren, Asien huet et schonn zum Deel gemaach. D'Welt huet Angscht virun der Atomenergie, mä anscheinend net genuch fir d'Nuklear-Zäitalter ofzeschléissen!

Richteg ass datt d'Sécherhheets-Moossname säitdem vill verbessert gi sinn, an en 2t Tschernobyl net méiglech ass. Dës Realitéit kann awer net deejéinegen iwwerzeegen, deen d'Bedrohung duerch en, zwar extrem onwahrscheinlecht, am Onglécksfall awer katastrofaalt Ereignis, fir en onzoumuttbare Risiko hält. Dëst ëmsou méi, well et sécherlech eng Rei vun Argumenter géint atomar Energie gëtt: zum Beispill déi zentral Struktur vun der Energie-Erzeugung, d'problematesch Lagerung vun den Offäll, latent Sécherheetslücken an ärmere Länner.

Tschernobyl ass jiddefalls ee Mahnmal vun der Industriegeschicht, ee falsche Wee, dee ville Leit d'Liewe kascht huet. An un dëser Wourecht gëtt et näischt ze deiten.



17. Jan 07:50  Finanzoperatioune fir jiddereen
15. Jan 07:50  Eng vergëft Ëmwelt huet Konsequenzen op d'Gesondheet
12. Jan 07:50  Korsika
10. Jan 07:50  Gudden Appetit, awer ouni Hypocrisie
8. Jan 07:50  Dat onerbittlecht Gesetz vum Sproochendoud
5. Jan 07:50  Fir méi Eegeverantwortung
3. Jan 07:50  Moral an Ethik
15. Dez 07:50  Kleeschen a co. - Chapeau
14. Dez 12:28  Méi Lëtzebuergesch duerch méi Sproochepraxis
11. Dez 07:50  "Keng Politik mat der Sprooch!" - Wee2050 widdersprécht energesch