Carte-Blanchen

Karfreideg an d'Bedeitung fir d'Chrëschtentum

RTL - 14.04.2006, 10:49 - Fir d'lescht aktualiséiert: 10.02.2009, 11:45

Carte Blanche:

Georges Hellinghausen

_________________________________

D'Kräiz ass en universaalt Symbol, méi al wéi d'Chrëschtentum . Mat véier gläichlaange Balken ass et e klassescht Zeeche fir déi véier Himmelsrichtungen oder d'Joreszäiten.

Am Schnëttpunkt vum Kräiz treffe sech horizontal a vertikal, Héicht an Déift. Et ass dohier Ausdrock vun der Begéinung a vum Zesummeféieren, vum Vermëttelen a vun der Mëtt. Awer och vum Ausenanerstriewen a vun der Entscheedung.

Ech liesen nach folgend kultur-soziologesch Beschreiwung: 'D'Kräiz verbënnt spannungsräich Géigesäz zu enger Eenheet a gëtt esou zum Symbol vum Mënsch, deen agebonnen ass zwëschen uewen an ënnen, riets a lénks, Kapp a Féiss, Gefesseltsinn a Fräiheet, Geescht a Kierper, Gebuert an Dout, Bewosstem an Onbewosstem.'

Bei de Réimer war d'Kräiz en Instrument, fir sozial niddereg gestalte Condamnéiert hinzeriichten. Hei kënnt dann och déi chrëschtlech Deitung mat eran. Well um Kräiz Gott selwer gelidden huet a gestuerwen ass - dat ass de Glaf vun de Chrëschten -, gëtt et zum Zeechen vun der äusserster Solidaritéit vun him mam leidende Mënsch: d'Kräiz als déi Plaz, wou hien dat Schlëmmst, wat dem Mënsch passéiere kann, u sech selwer geschéie léisst, fir do beim Mënsch, bei a mat de Mënsche vun allen Zäiten ze sinn. Et gëtt déi Plaz, wou de Mënsch vu Gott opgesicht, begleet an opgeriicht gëtt: en Zeeche vu Solidaritéit an Hoffnung! Esou erkläert sech, firwat d'Chrëschtentum als Erléisungsrelioun grad dëst Symbol an de Mëttelpunkt stellt, an dat besonnesch haut um Karfreideg - deen un den Erléiserdout vu Jesus Christus erënnert.

Eng gediegen Deitung huet de Benedikt XVI. de leschte Sonndeg ginn, wéi zu Roum d'Jugendlech vu Köln d'Kräiz vun de Weltjugenddeeg u Jugendlech vu Sydney iwwerreecht hunn, wou 2008 déi nächst JMJ wäerte sinn. De Poopst huet d'Kräiz vu Christus verglach mam Reebou, deen Himmel an Äerd mateneen verbënnt, a mat enger Bréck iwwer d'Ofgrënn tëscht de Kontinenter. Et ass en Zeeche vu Versöhnung a vu Léift, déi méi staark ass wéi der Dout. An hie schlussfolgert: 'All Kéier, wa mer eis bekräizegen, musse mer eis drun erënneren, enger Ongerechtegkeet net eng aner Ongerechtegkeet, enger Gewalt net eng aner Gewalt entgéintzesetzen; mer mussen eis drun erënneren, dass mer dat Béist nëmmen duerch dat Gutt besiige kënnen, ni andeems mer dat Béist mat Béisem beäntwerten.'



14. Dez 07:45  Déi giel Gilete mussen der Politik ze denke ginn
12. Dez 07:50  Koalitiounsvertrag
10. Dez 07:45  Sujet: Gouverner c’est prevoir!
7. Dez 07:45  Optimismus
5. Dez 07:45  Wäitsiicht an Investitioun - Schoul a Jugend
3. Dez 07:45  3 Froen
30. Nov 07:45  Recht op e Liewensplang
28. Nov 07:45  Keep calm op de Chrëscht- a Wantermäert!
26. Nov 07:45  Mir brauchen eng nei Begeeschterung fir Europa!
23. Nov 07:45  Aarm, räich, méi räich, onermiesslech räich