Carte Blanche vum Alain WagnerRichtung22: D’Richtung stëmmt!

De Grupp « Richtung22 » ass e Kollektiv vu jonke Kënschtler, dee sech ëmmer erëm kritesch mam politeschen a soziale Liewen zu Lëtzebuerg auserneesetzt. An den Deeg no Nationalfeierdag war dëse Grupp wéinst enger onkonventioneller Aktioun an de Schlagzeilen. Dozou eng Carte Blanche vum Alain Wagner, Proff am Stater Lycée Michel-Rodange.

An der Nuecht viru Nationalfeierdag huet de Kënschtlerkollektiv Richtung22 mat enger net alldeeglecher Aktioun vu sech schwätze gedoen. Virun der Philharmonie hunn e puer Membere vun dësem Grupp probéiert, mat Kräid eng satiresch Versioun vun eiser Nationalhymn unzebréngen an doduerch de Staatsakt e bëssen opzemëschen. Eng Aktioun, vun där d’Police natierlech wéineg begeeschtert war. An och um Site vun RTL waren di meescht Reaktioune kritesch bis indignéiert. Woubäi ee sech froe kann, wat am Fong méi iergerlech ass : datt politesch engagéiert Jonker hir Meenung op eng e bësse provokant Aart a Weis ausdrécken, oder datt erwuesse Leit et scho bal als eng metaphysesch Fro betruechten, ob e Kleed vu Chanel oder vun Natan ass. Ëmmerhin bleift eis den abstruse Ballet vun allerlee méiglechen an onméiglechen Dammenhitt zënter dem leschte Joer erspuert.

Sécher kann een doriwwer diskutéieren, ob et net méi efficace Methode ginn, fir säi Message ze vermëttelen an ob den Zäitpunkt vun der Aktioun wierklech ubruecht war. Nationalfeierdag soll jo am Prinzip e Moment sinn, wou dat am Vierdergrond steet, wat eis verbënnt, a wou déi Kontroversen, déi soss d’Aktualitéit dominéieren, fir e puer Stonne  rouen. Anerersäits ass et wuel genau dat, wat Richtung22 hei a Fro wollt stellen : e puer Wochen no engem Referendum, deen déi déif Zerrassenheet vun eisem Land offegeluecht huet, hat een effektiv Problemer, un déi schéi Fassad vu routwäissbloer Harmonie a Gléckséilegkeet ze gleewen. E Malaise, deen een och zum Deel aus de Rieden eraushéieren huet.

Egal wéi een elo dës konkret Aktioun beuerteelt, muss een zumindest unerkennen, datt Richtung22 dat politescht a kulturellt Liewen hei zu Lëtzebuerg immens beräichert. Iwwer Filmer an Theaterstécker geléngt et dëse jonke Leit ëmmer erëm, d’Land aus all Form vu Selbstgefällegkeet erauszerappen. An dobäi zécken si net, och heikel Themen unzepaken, wéi zum Beispill d’Fro vun der Staatsform, déi beim Referendum diskret op der Säit gelooss gouf. Wat si publizéieren huet Kapp a Fouss, bréngt gläichzäiteg zum Laachen an zum Nodenken an ass erfrëschend direkt en éierlech. An oft treffen si voll an d’Schwaarzt : just e puer Méint, nodeems de Kollektiv an engem satireschen Theaterstéck d’Erëffnung vum Freeport an de Sumpf vun der Konschtspekulatioun op d’Schëpp geholl hat, goufen innerhalb vu kuerzer Zäit gläich zwee Protagoniste vun dësem dubiose Projet verhaft. Zwar an engem anere Kontext, mä trotzdem léisst dat déif blécken.

De franséische Schrëftsteller Georges Bernanos schreift : « C’est la fièvre de la jeunesse qui maintient le reste du monde à la température normale. Quand la jeunesse se refroidit, le reste du monde claque des dents. » An dësem Sënn sollte mir frou sinn, datt et jonk Leit ginn, déi sech trauen, onbequem Froen opzewerfen an doduerch dozou bäidroen, eist intellektuellt a politescht Liewen op der richteger Betribstemperatur ze halen.



Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.