Carte Blanche vum Colette FleschIn and out, dat kann net sinn.

Den David Cameron ass 2015 als britesche Premier erëmgewielt ginn, mam Verspriechen, d’Relatioune vu sengem Land mat der europäescher Unioun nei ze regelen ...

Am Februar dëst Joer, no engem laangen an ugespaanten Negociatiounsmarathon mat sengen europäesche Kollegen, hat hien en Deal an der Hand, mat deem hie kéint, sou wor hien iwwerzeegt, d’britesch Bierger fir d’EU gewannen. « With all my heart and all my soul » sou hie selwer, setzt hie sech elo an, fir d’Bleiwe vu Groussbritannien an enger reforméierter Unioun.

Fir seng Géigner ginn déi Concessiounen awer net wäit genuch.

Fir di meescht vun ons gi se éischter ze wäit a sinn den absolute Maximum, deen di aner EU-Membere kënnen zougestoen. D’Exceptioune kënnen net ëmmer erëm erweidert an vervillfälteg ginn.

Mir däerfen onsen englesche Frënn soen : « In and out », dat kann net sinn. Et kann nëmmen heeschen « in or out ». Si kënnen net d’Kiischten an de Kuch kréien an de Präis derfir net bezuelen.

D’Campagne leeft op der Insel op vollen Touren a béid Säite probéiere bis den 23. Juni d’Wieler mat hiren Argumenter ze iwwerzeegen. « Groussbritannien ass méi staark, méi sécher a besser drun an Europa, ewéi op sech alleng gestallt », esou de Slogan vun der Stronger in Europe Campagne. Op der aner Säit heescht et, dat d’EU Groussbritannien géif schueden an dat en Austrëtt aus der EU, England méi Fräiraum géing zeréckginn an méi Kontroll iwwert seng Innen -an Aussepolitik.

Eppes, wat mech ganz besonnesch besuergt, ass, dass no den Attentater zu Paräis den 19. November an, elo nach méi, no deenen den 22. Abrëll zu Bréissel, an der Campagne op der Insel, a leider net nëmmen do, e geféierlechen Amalgam gemaach gëtt, tëschent fräi Zirkulatioun an Immigratioun, an nach méi geféierlech, tëschent Flüchtlingen an Terroristen. D’Europäesch Unioun däerf dach net d’Schold zougeschoustert kréien, vun Erausfuerderungen, déi haut d’ganz Welt betreffen.

Eent ass sécher, et ass un de britesche Bierger - an un hinnen eleng - ze entscheeden, wéi si stëmmen a wéi de Referendum ausgeet.

Wat duerno geschitt, geet ons ower alleguerten eppes un.

Geet de Referendum positiv aus, muss den europäeschen Conseil nach d’Zoustëmmung kréien vum Europaparlament, fir eng ganz Rei Punkte vu sengem Deal mam David Cameron, wat net esou einfach wärt ginn.

Geet de Referendum negativ aus, ginn d’europäesch Unioun an Groussbritannien nach viru ganz aner Problemer gestallt.

Et ass also ze hoffen, dass esouwuel de Conseil Européen, wéi d’Mitgliedstaten, sech intelligent Gedanke maachen iwwert de « Post-Referendum » an wëssen, wat fir eng Léisunge se wëllen erbäiféieren.

Colette Flesch, fréiere Minister, Éierebuergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.