Carte Blanche vum Jean-Luc ThillMam Hummer

D'Politik wär ugetrueden, fir mam Hummer de Staat vun de Kierchen ze trennen, aus deem nawell schnell eng Hand sollt ginn, déi sech nom Accord géigesäiteg konnt gereecht ginn– dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

En huet mam Hummer philosophéiert, de Friedrich Nietzsche, an ënnert deen koum 1882 an „Die fröhliche Wissenschaft“ och den Härgott. „Gott ist tot!“ huet et geheescht - natierlech net wuertwiertlech gemengt, mä als Metapher fir dem Philosoph seng Reliounskritik. Gott wier eng Iddi vum Mënsch fir de Mënsch – a sou laang de Mënsch un d'Iddi vu Gott gegleeft hätt wier et eng Quelle vun Energie a Liewenskraaft gewiescht. Nodeems se awer u Kredibilitéit verluer hätt a kee méi sou richteg dru gegleeft hätt, wier Gott verschwonn – souzesoen vum Mënsch selwer ëmbruecht. De Philosoph mam Hummer ëmschreift a senger eegener interessanter a wortgewalteger Sprooch den Zoustand vu Religioun, virun allem dem Chrëschtentum, mam Zil, eng Welt vun Fräiheet a Selbstverwierklechung fir de Mënsch ze schafen.

Gutt 130 Joer duerno, nodeems dem Nietzsche seng Wonschvirstellung vu Welt deelweis schonns laang ëmgeseet konnt ginn, wëll am klenge Lëtzebuerg eng nei politesch Generatioun den Hummer an de Grapp huelen, fir der Metapher och am Rechtsstat seng Legitimatioun ze verschafen, an de Staat e fir allemol vun der Kierch ze trennen – also déi gefillten éiweg Verbindung tëscht Staat a Kierch ze zerschloen. Aus dem Hummer sollt awer schnell eng Hand ginn, déi sech nom Accord géigesäiteg konnt gereecht ginn, fir sech dann autosuffisant nach selwer op d'Schëller ze klappen. Gespaant kann een ofwaarden, wéi eng innovativ Déngschtleeschtungen d'Kierchen an nächster Zukunft nach wäerten ubidden.

De Präis dovunner gëtt offiziell just an Euro chiffréiert: finanziell Enveloppe gi verdeelt – mam Privileg Indexgebonnen - an e Fong gegrënnt. Wien no deem anere Fong freet, also deem vun eise kulturelle Wuerzelen an Traditiounen – a virun allem, wéi mer deen Iwwergang wëlle leeschten – déi gëtt vertréischt op een neie Wäerteunterrecht an deem dann fir all Welt-, Glawen- a soss Virstellungen en transversale Cours ugebuede gëtt. Firwat all déi aner Fächer an dem polyglotten an multikulturellen Immigratiounsland Lëtzebuerg dës transversal Leeschtung net och kinnte bréngen, huet glécklecherweis kee vun de Concernéierte gestallt, woumat och keen huet missen drop äntwerten. Dat ganzt klengt iergendwou no där „Vertröstung auf das Jenseits“ vun där de Staat sech jo eigentlech wollt trennen. Och wann déi nei Regierung an der Saach den Hummer mat der Fëllfieder a mam Blog – an dat am duebelen Sënn – getosch huet, sou bleift e Joer duerno nawell festzestellen: et gouf blann drageschloen, also geschriwwen. Hoffentlech ass et net den Ufank vun enger neier „Götzen-Dämmerung“.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.