Carte Blanche vum Marc HostertWat elo, léift d'Kand? D'Première an dann?

Den Marc Hostert ass Economist a schafft op enger europäescher Institutioun.

© Emmanuel Claude - FOCALIZE

D’Kand gëtt ëmmer méi grouss, de Papp gëtt eng kleng Nuancë méi gro, d’Mamm bleift, ewéi se ass, an da kënnt Fro, wat dann dat léift Kand studéiere soll? Den Marc Hostert mat a puer Iwwerleeungen zur Verantwortung vun den Elteren iwwert Fräiheet, Selbstännegkeet, Erfëllung am Liewen an eege Verantwortung vum Kand.

15/04/2016 Carte Blanche Marc Hostert


Studium Generale, Oceanographie, Droit, Eco, Mathé, Pharma, Design, Phytopathologie etc. vum breet op gestallte Studium bis zum Orchideeë-Studie-Fach, alles ass méiglech an alles gëtt ënnerstëtzt. Dobäi kënnt nach fir d'Schüler vun haut d'Optioun vum “Sabbatical year” zum Beispill mam Segelboot rondrëm Welt an d'Optioun vum engem “Gap Year” an enger Hëllefsorganisatioun a Südamerika.  

Diskussioune lafen op Héichtoure mat de Frënn, der Famill a mat Bekannten. Dat ass richteg a gutt esou. Grouss Froe kommen op. Firwat ass en Studium gutt? Zu wat sollt et féieren?

E Studium, wéi all Ausbildung, soll zur Erfëllung vum Liewe bäidroen. Et soll Spaass maachen, et soll een eppes léieren an et soll de Student zum kritesch denkende Bierger maachen.

Esou weit esou gutt. Bis dohin besteet nach Unanimitéit.

Bei der Diskussioun, ob e Studium zur Fräiheet an all hirer Vilfalt, ewéi Onofhängegkeet, ökonomesch Selbstännegkeet a zum freien onofhängeg Bierger soll feieren, do ginn d'Diskussiounen da vill méi nuancéiert. 

Mir sinn da séier bei der eegener Verantwortung am Liewen ukomm a bei der einfacher Fro: Soll ee mat deem, wat ee studéiert, säi Liewe kënne finanzéieren an deemno kënnen ökonomesch fräi sinn?

Eng positiv Äntwert op des Fro bedeit, datt een Orchideeëfächer villäicht fir en éischt Studium net direkt studéiert, mä eppes mécht, mat enger gréisst méiglecher economescher Perspektiv.

Eng negativ Äntwert op des Fro féiert méiglecher Weis -a priori- zu enger méi grousser Selbstentfaltung, déi awer am Kader vun enger ökonomesche Ofhängegkeet begrenzt ass.

Op d'mannst soll den zukënftege Student wëssen, wat déi méiglech Konsequenze sinn, jee nodeem wat en op déi Fro als Äntwert gëtt.

Bei dëser Diskussioun sëtzt een awer net eleng do. Do setzt am Hannergrond de Staat mat um Kichendësch an ënnerstëtzt mat sengem Boursesystem bal all Studie vun den Kanner. Dat ass richteg an wichteg, datt de Staat dat mécht. Mä den “État Providence” huet duerch seng “urdnungspolitesch” Moossname vun de Boursen och eng Verantwortung, déi Jugendlech nach méi op Konsequenze vun hirem Choix hinzeweisen.

Soss ass nämlech den nächste Schrëtt net méi wäit. E Schrëtt, deen ech mer deslescht op engem Salle-à-manger-s-Dësch hunn missten unhéieren, wéi meng Dësch-Nopere mer soten: “Et soll ee Kanner studéieren loossen, wat se wëllen. Wa se domat hiert Brot net kënne verdéngen, dann ass den Staat do fir se opzefänken.”    

D'Forschett ass mer bal aus der Hand gefall, wéi ech dat héieren hunn.

Neen esou net!

Eege Verantwortung an d'Fräiheet als Bierger ass Ziel vum Studium an net d'Ofhängegkeet vun iergendengem Papp, sief et vum “Pappa-Staat” oder dem Eegenen!

(Follow me on Twitter and Facebook  at: @marchostert)

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.