Carte Blanche vum Robert UrbéInegalitéiten zu Lëtzebuerg

Net nëmmen d’Aarmut vu bestëmmte Bevëlkerungsgruppe steet engem Sozialstaat net gutt zu Gesiicht, och déi wuessend Inegalitéite passen net zu engem sozialen triple A, seet a senger Carte Blanche de Robert Urbé, Porte-parole vu Caritas Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Robert Urbé



Knapp eng Woch nodeems d’Caritas hire Sozialalmanach 2016 virgestallt huet, deen als Thema Inegalitéiten huet, kann ech natierlech net näischt hei zu dem Thema soen. Fir d’éischt emol ass festzestellen, datt deen Indicateur vum Aarmutsrisiko, iwwer deen ech an der leschter Carte Blanche geschwat hunn, genau sou vill iwwert Inegalitéite wéi iwwer Aarmut ausseet, well et jo ëm relativ Aarmut geet. Do dernieft ginn et awer eng ganz Rëtsch vun aneren Indicateuren, wouvun z.B. den Gini-Coeffizient dee bekanntesten ass. Ech ginn elo hei op keng weider Detailer an, Dir fannt déi am Sozialalmanach.

Mä wat besonnesch erausstécht, ass datt alleguer déi Indicateuren eent weisen: d’Inegalitéite ginn dauernd an d’Luucht, säit dem zweete Weltkrich an engem Stéck, seet d’OECD, déi jo awer éischter onverdächteg ass.

Am Vergläich zu eisen Nopeschlänner weisen deen een oder aneren Indicateur aus, datt mir net sou schlecht leien. Mä aner Länner, besonnesch déi nordeuropäesch, schneiden am Prinzip besser of.

An: bei eis sinn d’Inegalitéite grad duerch an no der Kris besonnesch staark gewuess. Sou informéiert z.B. de Panorama Social vun der Chambre des Salariés, datt den Undeel vun de Mindestlounbezéier 2014 op 16,5% ugewuess ass, oder an absoluten Zuelen op ronn 57.000! An dat sinn alles Leit, déi wann se eng Famill an nëmmen een Akommes hunn, mussen iwwert e Complément RMG ënner d’Ärem gegraff kréien, an da geet et an der Regel nach net duer, fir datt se aus dem Aarmutsrisiko rauskommen. Dofir huet Lëtzebuerg mat 11,1% ee vun deenen héchsten Aarmutsrisikotauxen fir Leit déi schaffen, di sou genannte “working poor”. Dëst ass e Beispill, wou mer gesinn, datt sozial Transferten zwar d’Lag verbesseren, ouni si wier d’Situatioun nach e gutt Stéck méi schlëmm, mee si léisen d’Situatioun awer net, well se oft ze kuerz gräifen. An da gëtt et Leit, déi mengen eeschthaft, d’sozial Transferten misste beschnidde ginn!

Besonnesch betraff vun Aarmut an Inegalitéite sinn éischter Auslänner wéi Lëtzebuerger, éischter Locataire wéi Propriétairen, éischter Leit mat engem nidderege Schoulofschloss wéi deeër mat engem héije Bildungsofschloss, éischter Kanner a jonk Leit wéi eeler Leit, éischter Famillje mat Kanner (speziell Monoparentalen) wéi Familljen ouni Kanner.

Wou maachen sech sou Ongläichheeten da besonnesch bemierkbar? Um Wunnengsmarché a bei der Gesondheet, awer och an der Schoul, an do si se gläichzäiteg Grond vu weideren Inegalitéiten: de soziale Lift funktionéiert net, en huet, vun Ausnamen ofgesinn, nach ni richteg funktionéiert!

Zum Schluss nach zwee Beispiller, déi weisen, wéi d’Inegalitéiten zustan kommen a wéi se sech verfestegen:

-       Di méi niddereg Akommes sinn tëscht 1998 an 2014 ëm manner wéi 50% gewuess. Mee déi méi héich Revenuen sinn am selwechten Zäitraum ëm 70% an d’Luucht gaang.

-       A wat mécht eng Besteierung vu Kapitalakommes zum halwen Taux vun deem, woumat Aarbechtsakommes besteiert gëtt, anescht, wéi d’Ongläichheete betonéieren: “Wer hat, dem wird gegeben” wéi et ee vun den Auteuren aus dem Sozialalmanach ausgedréckt huet.

Well Ongläichheeten net nëmmen d’sozial Kohäsioun a Fro stellen, mee laut IWF an OECD och dat wirtschaftlecht Potential ausbremsen, ass d’Politik hei gefuerdert, géigenzesteieren.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.