Carte Blanche vum Benoît ReiterWat ass Geld?

A senger Carte blanche vun haut stellt de Benoît Reiter eng Rei fundamental Froen iwwer Geld, Gold an Zentralbanken. De Benoît Reiter ass Jurist a schafft an enger nationaler Institutioun.

A menger vireschter Carte blanche hat ech dozou opgeruff nozedenken, ob een net sollt d’Zentralbanken ofschafen? Ech hat dës Fro gestallt, well ech zur Conclusioun komm war, dass d’Zentralbanke responsabel wiere fir déi permanent Finanz- a Wirtschaftskrisen. Ech krut dorop eng Rei Reaktiounen an déi waren, wéi ech et erwaart hat, net nëmme positiv.

Fir dës Iddi e bëssen ze ënnersichen, muss ee sech froen, wat Geld iwwerhaapt ass a wéi et entsteet? Eng Economie baséiert op der Aarbechtsdeelung, well een net eleng alles kann hierstellen, wat ee fir ze liewe brauch. D’Konsequenz dovunner ass, dass jiddweree muss d’Produkter vu senger eegener Aarbecht tausche géint déi Saachen a Servicer, déi een net selwer produzéiert. Dësen Tosch ass bal ni direkt méiglech. De Schräiner mécht dem Dokter bestëmmt eng schéi Bibliothéik, mä hie brauch vläicht dem Dokter seng Servicer net direkt. Dat ass gutt fir de Schräiner, mä wéi kritt hien eng Contre-partie fir seng Aarbecht? Déi zwee mussen eng Saach fannen, déi deen een huet an deen aneren acceptéiert, well dësen Objet säi Wäert net verléiert a fir e spéideren Tosch ka gebraucht ginn.

Geld ass also eng Saach, déi vu ville Mënschen als Tauschobjet acceptéiert gëtt, well si wëssen, dass dësen Objet säi Wäert behält an dass ebe vill oder souguer all Acteuren dës Saach beim nächsten Tosch wäerten als Contre-partie acceptéieren. An der Geschicht vun de Währungen hu sech virun allem Edelmetaller als universal Tauschobjets erausgeschielt. Och wa beim Tosch net Këschte voller Goldmënzen matgeschleeft gi sinn, mä alles iwwer Pabeier gelaf ass, gouf et awer d’Edelmetall fir d’Pabeiergeld ofzedecken. Dës Deckung vum Geld duerch Gold ass schrëttweis ofgeschaaft ginn, bis 1971 de amerikanesche President Nixon de leschte Schrëtt gemaach huet.

Wat fir eng Situatioun hu mer haut? D’Zentralbankgeld huet keng Deckung, et gëtt kee Saachwäert, géint deen ee säi Pabeier- oder Digitalgeld ka bei der Zentralbank tauschen. D’Geld entsteet net méi doduerch, dass eng Saach geschaf an erschafft gëtt an duerno als Tauschobjet vun den aneren Acteuren acceptéiert gëtt. Nee, d’Geld entsteet haut doduerch, dass de Mario Draghi a Konsorten op de Knäppchen drécken. Dat haitegt Geld gëtt net fräiwëlleg acceptéiert, well et gutt Geld ass, wat säi Wäert behält, mä duerch d’Kraaft vum Gesetz.

Wat huet dat als Konsequenzen? D’Economie, also all Mënschen an Entreprisen, déi wëlle kafen a verkafen, kritt doduerch virgegaukelt et wiere Wäerter entstan, déi ee ka géint aner Wäerter tauschen. Doduerch gi fir d’éischt méi Gidder produzéiert, virun allem Saachen, déi een ënner normale Konditiounen net bräicht. Et kënnt doduerch also zu enger Verschwendung vun de Ressourcen. Et ass awer och esou, dass net just méi Gidder produzéiert ginn, mä och dass d’Präisser vun existente Saachen duerch méi Geld einfach an d’Luucht gedréckt ginn. Dat gesäit een haut gutt bei den Immobilien- an Aktiepräisser.

Wann een also zur Conclusioun kënnt, dass d’Schafe vu Geld ouni « Wäert » duerch Zentralbanke just dozou féiert, dass mer eis Ressourcë verschwenden an dass d’Präisser erop ginn, dann ass meng Fro aus der leschter Carte blanche vläicht awer net sou absurd. En éischte Schrëtt an eng wierklech Nohaltegkeet wier d’Ofschafe vun den Zentralbanken. De fräie Maart bréngt et fäerdeg, dass mer genuch z’iessen an ze drénken hunn, u Kleeder a Schong feelt et och net. Firwat solle fräi Acteuren op engem fräie Maart et net och fäerdeg bréngen, fir qualitativ gutt Geld ze produzéieren?

Carte Blanche vum Benoît Reiter

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.