Carte Blanche vum Paul Hammelmann« Radaren an der Politik an an den asoziale Netzer »

De leschte Mëttwoch war jo an der Chamber eng Aktualitéitsstonn, wou de Bilan gemaach gouf iwwer den 1. Mount an deem d’Radaren a Betrib sinn. De Paul Hammelmann war dobäi an huet sech seng Gedanke gemaach.

An mäi Bilan ass séier gemach: D’Lëtzebuerger Politik, déi jo am Juli 2015 d’Radargesetz unanim gestëmmt huet, steet nach ëmmer unisono zu hirem Wuert.

Eng Carte Blanche vum Paul Hammelmann



Kee vun de Riedner, keng Fraktioun, keng Partei huet de Prinzip vun den automatesche Kontrollen a Fro gestallt.

Mir ënnerscheeden eis dora vun eisen Nopeschlänner Frankräich an Däitschland, wou esou infekt Geselle wéi de Front National an d’AFD domadder dee ruckelzechste Populismus bedreiwen.

Dofir huele mir dat zu Lëtzebuerg an den asozialen Netzer no.

Radaren hunn nämlech definitiv, a schonn no 1 Mount, zu engem globalen Ëmdenken an der Lëtzebuerger (Stroosse)sécherheetspolitik gefouert an natierlech fir eng Onmass vun dommem Geschwätz gesuergt.

Et gëtt do nach ëmmer vun engem verstoppten, mee gezielten Opstocke vum Staatsbudget geschwat a vun de Strofen, déi ze héich sinn.

Dozou dës, avouéiertermoosse provokant Äntwert:
Et ass jo gutt, an am Sënn vun enger distributiver Gerechtegkeet, wann déi verbriecheresch Elementer méi an de Staatsbeidel bezuelen wéi déi éierlech Bierger!

Wéi sot Dir? Déi ze séier ënnerwee sinn, sinn dach keng Verbriecher !?
Gesitt Dir, an genau do läit de Problem: Verkéierskriminalitéit war fir verschidde Leit bis ewell just en Gentleman’s Delikt an domadder ass elo Schluss!

De franséische Premier Rafarin sot 2003 beim Aféiere vun de Radaren:
On ne peut plus parler de l’insécurité routière avec ”des mots qui mentent, mais avec les mots vrais, les mots de violence, de délinquance, des mots, quelques fois d’assassinat”.

D’Strofe sinn och net ze héich, well an eiser merkantiler Gesellschaft ass et schlussendlech just de Fric, deen d’Leit zu engem Ëmdenke beweegt.

Huelt emol d’Beispill vun de Plastikstuten an de Supermarchéen oder vum Opzéie vun neiem Bettgezei an den Hotelszëmmeren: Dir fannt haut keen Supermarché méi, deen Iech eng Plastikstut fir näischt matgëtt oder en Hotel, deen Iech net seet, Dir sollt op dat deeglecht frëscht Bettgezei verzichten; sécher net well déi Leit vun haut op muer op eemol iwwerzeegten Ecologiste sinn, mee well se domadder Geld spueren an doriwwer eraus eppes duerchaus Positives fir d’Ëmwelt maachen.

Eng lescht Remarque, déi sech un d’Press riicht - oder vläit méi geziilt un de Kommunikatiounsservice vun der Police.
De 14. Abrëll géint 21h45 huet um boulevard Kennedy zu Esch en Automobilist 3 geparkten Autoen zu Schrott gefuer.
“Hien hat d’Kontroll verluer” steet lapidar an der Zeitung.

Wat eng Verniedlichung, eng Verharmlosung ... wéi wann et e Schicksalsschlag gewiescht wier!

Kommt mir elo net mat fadenscheinege juristeschen Argumenter an mat der “présomption d’innocence”.

Hien hat vläit d’Kontroll verluer, esou wéi d’Meedche seng Onschold verluer huet: mee iergendeppes ass noutgedrongen deem Verloscht virausgaang.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.