Carte Blanche vum André HoffmannWäerter

Oft a vill gëtt an den offizielle Riede vu Wäerter geschwat. Den André Hoffmann mengt, et sollt ee méi spuersam mat deem grousse Wuert ëmgoen, dofir awer méi genau op d’Bedeitung an op d’Praxis kucken.



Europäesch Wäertegemeinschaft, chrëschtlech Wäerter, westlech Wäerter, EIS Wäerter. A kenger wichteger Ried däerf et feelen, dat grousst Wuert.

Bei deem inflationäre Gebrauch kënnt et de Wäerter esou goe wéi dem Geld bei der monetärer Inflatioun: Wäertverloscht.

Den däitsche Philosoph Jürgen Habermas sot viru kuerzem an engem Interview, ech zitéieren:

« Heute klingt allerdings der schriller werdende Appell der Politiker an "unsere Werte" immer hohler – schon die Verwechslung von "Prinzipien", die begründungsbedürftig sind, mit "Werten", die mehr oder weniger attraktiv sind, ärgert mich maßlos. »

Den Habermas ass weder en Nihilist, deen un näischt méi gleeft, nach e Relativist, fir deen alles vum Standpunkt ofhänkt. Awer et soll een ënnerscheeden tëschent Prinzipien a Wäerter.

Prinzipie muss ee begrënnen, et muss ee se zur Diskussioun stellen, mat Argumenter. Esou kann ee vläicht universell Gëltegkeet erreechen – ouni Gewalt an Indoktrinatioun.

Wäerter dogéint gi sech nawell gär esou en hellege Schäin, dee se géint Argumenter a Kritik immun mécht.

Wäerter sinn awer net éiweg an onverännerlech wéi dem Plato seng Iddien an engem iwwermënschlechen Himmel. Si hunn eng Geschicht, eng Geographie, si verännere sech, si hunn och ëmmer eppes Subjektives, eppes Relatives u sech.

Dofir besteet gär d’Versuchung, se ze verstoen an unzewenden, wéi et engem grad an de Krom passt. Dofir och oft de Widdersproch tëschent der Sonndesrhetorik an der Wiertespraxis.

Sonndes Solidaritéit a Fridden, méindes Konkurrenz a Krich. Sonndes Demokratie a Mënscherechter, méindes Austeritéitsdiktat a Stacheldrot.

Mer sollte léiwer spuersam mat de grousse Wierder ëmgoen. Nofroen, wat se genau bedeiten. A genau kucken, wéi Theorie a Praxis zesummepassen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.