Carte Blanche vum Serge KollwelterDe Ball spillen wann iech gelift!

Deejéinegen, dee mat Begeeschterung Steiere bezilt gëtt et wuel net. Woubäi déijéineg, déi vill Steieren ze bezuelen hunn, sech net ëm e klengt Akommes ze bekloen hunn! A senger Carte blanche mengt de Serge Kollwelter bei dem Prozess vun de Lanceurs d’alerte géif net de Ball gespillt ginn, mee d’Spiller gefoult ginn.

Bei all Steiererklärung a Steierdécompte weess ech jo als Pensionär, dass do net nëmmen déi haiteg Aktiv fir mech cotiséieren, mee och de Staatsbudget, also eis Steiergelder, fir en Drëttel bäileeën.

Eng Carte Blanche vum Serge Kollwelter



Och Firmen a Gesellschafte si wéi den Eenzelnen net begeeschtert Steieren ze bezuelen. Datt si fir hier Steiererklärungen op Spezialisten zréckgräifen, ass bei der oft komplexer Situatioun ze verstoen. Datt dës héichkatäresch Experten dann alles Méigleches maachen fir hirem Client Steieren ze erspueren ass eng Saach, wann dat wéi Luxleaks et gewisen huet derzou féiert, datt grouss international Firme just e puer Prozent Steiere bezuelen, während de Bäcker an de Metzler ëm den Eck nëmmen vun esou Tauxen dreeme kënnen! Datt wär alles legal, heescht et! Et woren also Parlamentarier, déi esou Gesetzer gemaach hunn an domat dat erlaben. Ass dat dofir iwwer all Zweiwel erhaben? Milliounen a Milliarde Steieren evitéieren heescht jo näischt Aneschtes, wéi déi aus dem Circuit huelen, deen der Allgemengheet zousteet: manner Steieren heescht manner Infrastrukturen, manner gutt Schoulen, manner Pensiounen, asw. An dat net nëmmen hei, mee och anerwäerts. Dofir kommen déi Firmen jo op Lëtzebuerg an eng Bréifkëscht wunnen!

Geahnt gouf sou Munneches, gewosst ass zanter dem Lanceur d’alerte Antoine Deltour an dem Journalist  Edouard Perrin Allerhand iwwer Lëtzebuerg. Beweegt huet dat schonns sou Munneches: Spezialkommissioun am EP, Drock fir Harmoniséierung an domat e bëssche méi Steiergerechtegkeet EU-wäit, alles dat wär net ouni Luxleaks zustan komm.
Muer gëtt dann deenen 2 Leit zu Lëtzebuerg de Prozess gemaach. Net de Prozess iwwer Steierbedruch oder Steieroptiméierung, wéi dat da gär genannt gëtt, mee viru Geriicht stinn déi 2, déi derzou bäigedroen hunn, dëst  ëffentlech ze maachen. Net de Message, de Messager ass am Kräizfeier vun der Justiz. Dobäi krut den Antoine Deltour vum EP de Präis  vum Europäeschen Bierger 2015.

Villes huet hien beweegt, lo steet e virun engem Lëtzebuerger Geriicht grad wéi de Journalist Edouard Perrin. Den Interessi vun der Allgemengheet, ze wëssen wéi hei Steieren legal manipuléiert goufen, schéngt net an d'Gewiicht ze falen. Hei gëtt net de Ball gespillt, hei ginn d'Spiller gefoult!

Haut den Owend am Casino zu Bouneweg wäerten eng ganz Rei Leit, Journalisten, Mënscherechtler an Europaparlamentarier zu dësem Thema informéieren an hier Solidaritéit matt deenen 2 Ugekloten weisen. Rendez-vous ab 18.30 Auer.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.