Carte Blanche vum Patrick MichaelyVun Orchideeën- a Pissblummefächer

Wat engem kanadesche Premierminister seng Erklärunge vum Quantecomputer mat enger Grondastellung géinteniwwer den Naturwëssenschaften ze dinn hunn, elo eng Carte Blanche vum Patrick Michaely.

Kënnt Dir mir erklären, wéi e Quantecomputer funktionéiert? De kanadesche Premierminister kann et! Sou gesinn a vill kommentéiert virun zwou Wochen an de Medien, nodeems den Justin Trudeau bei engem Besuch vun engem kanadeschen Institut fir Theoretesch Physik, dat sech op d’Quantentheorie a seng Implikatioune fir d’Informatik spezialiséiert huet, dat vun engem Journalist mat liicht ironeschem Ënnertoun gefrot ginn ass.

Carte Blanche vum Patrick Michaely



D’Erklärung vum Trudeau (also dir fannt se séier, wann dir just no Trudeau a Quantum computing googelt) war kloer, kuerz an absolut verständlech fir en Net-Spezialist. Et war natierlech eng Äntwert, déi ee vun engem gutt preparéierte Politiker erwaarde kann, deen erkläre sollt, firwat seng Regierung esou Wëssenschaft finanziell ënnerstëtzt. Beim Literaturwëssenschaftler an Ingenieur Trudeau kënnt d’Äntwert en plus awer als déi vun engem reell intresséierte Laien eriwwer, deen d’Grondzich vum Fach verstanen huet. E bréngt et esou fäerdeg, selwer Intressi fir dës komplizéiert Matière ze schafen. Gutt fir hien, well e bleift credibel als responsable Politiker. Nach besser allerdéngs fir d’Fuerscher selwer, déi sech net nëmmen enger finanzieller, mä elo och enger moralescher Ënnerstëtzung am haarde Kampf fir Fuerschungsgelder an dem Respekt dobausse beim Public sécher kënne sinn.

Datt elo esou vill iwwer dem Trudeau seng Erklärungen am Netz gestaunt gëtt, seet awer och vill iwwer d’allgemeng Grondastellung géinteniwwer den Naturwëssenschaften aus, och bei de Medien. De Journalist hat sech wuel kaum erwaart, esou eng Äntwert vun engem Politiker wéi dem Trudeau ze kréien. Vläicht wëll en et selwer net als wierklech relevant betruecht huet? Gutt, Quantemechanik ass tatsächlech net evident a laang net jiddwerengem zougänglech. Mä, sollt een trotzdem net d’Erwaardungen e bëssen an d’Lut schrauwen däerfen, wann et drëms geet, méi Naturwëssenschaften an der Allgemengkultur an iwwerhaapt an der Gesellschaft ze verankeren? Grad eben, wëll se hei eng ëmmer méi grouss Roll a sämtleche Sparte spillen, a längst keng geréng geschätzten “Orchideeëfächer” méi sinn, déi ee just studéiere geet, well se engem “Spaass” maachen, wéi et hei op dëser Plaz virun zwou Woche vum Economist Marc Hostert ausgefouert gouf.

Oder si mir schonns op deem Punkt, wou et als eng Prouesse gëllt, wann ee nach weess, datt Photosynthese eppes mat Energiegewënnung bei Planzen ze dinn huet a keng App ass fir witzeg Fotoen um Smartphone? Well an dësem Fall sollt et engem awer och baang sinn ëm d’Allgemengbildung an de “Pissblummefächer” wéi Eco oder Droit, déi éischter am Ruff stinn, nom Studium eng gréisst méiglech economesch Perspektiv ze bidden.

Pissblumme bréngen sécherlech Faarf an d’Wiss, richteg bont a wäertvoll divers gëtt et leschtenends réischt duerch d’Spezialisten, a sief et Orchideeën. Wuel deem Land, dat och weess dës ze schützen an ze respektéieren. O Canada!

* De Patrick Michaely ass vu Formatioun Biochemiker an am Naturmusée responsabel fir Ëffentlechkeetsaarbecht a Kommunikatioun.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.