Carte Blanche vum Michel MaquilMikrofinanzprodukter

Zanter kuerzem huet Lëtzebuerg elo och eng Gesellschaft, déi sech als Zil gesat huet Mikrofinanzprodukter zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun unzebidden. A senger Carte Blanche erkläert de Michel Maquil, datt et ee laange Wee war, bis de Projet fäerdeg war an elo kann een nëmmen hoffen, datt dee Projet bei alle Betraffene gutt ukënnt a sech zum regionalen Akteur an der Mikrofinanz entwéckelt.

Fräie Finanzberoder

Fréieren President vun der Lëtzebuerger Bourse

Virun e puer Wochen ass de Projet Microlux virgestallt ginn, deen als Zil huet zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun eng Offer vun Mikrofinanzprodukter unzebidden.

D'Carte Blanche vum Michel Maquil


Dës Initiativ vun der ADA, dem „Appui au Développement Autonome“, soll engersäits z.B. Chômeuren oder Leit, déi keng Aktivitéiten hunn, hëllefe sech selbstänneg ze maachen an anerersäits klengen Entrepreneuren hëllefen hire bestehende Projet weiderzebréngen. Eng weider Aktivitéit si Kreditter, déi bestëmmt si fir sozial Entrepreneuren, déi versiche Léisungen ze fannen fir gesellschaftlech oder sozial Problemer ze léisen.

Et war un der Zäit, datt Lëtzebuerg esou eng Infrastruktur kritt huet, well et och hei am Land ëmmer méi Leit ginn, déi sech a Situatiounen erëmfannen, wou se faktesch aus dem Bankesysteem ausgeschloss sinn.

Et war iwwregens guer net einfach dëse Projet op d’Been ze kréien. Et ass vill Iwwerzeegungsaarbecht gebraucht ginn, fir d'Plaz an d’Roll vun der Mikrofinanz an eisem spezifeschen Ëmfeld ze erklären. Och fält et ville Leit schwéier, fir ze verstoen, wat déi eigentlech Déngschtleeschtunge vun der Mikrofinanz sinn a firwat de Client esou héich Zënsen bezuele muss.

Et war duerfir ëmsou erfreelecher, datt eis Lëtzebuerger Finanzautoritéiten dëse Projet vun Ufank u ganz positiv begleet hunn. Esou gouf vun der Autoritéit drop gehalen, dass am Agrément vun der Microlux als Haaptaktivitéit vun der Microlux d'Berodung an de Coaching vun de Kandidaten zeréckgehale ginn ass.

Et war och ganz erfreelech, dass eng grouss Lëtzebuerger Bank sech bereet erkläert huet Haaptaktionär vun der Microlux ze ginn. Dës Offer ass och nach duerch ee Benevolat vervollstännegt ginn. Et gëtt dann och nach iwwerluecht, wéi Microlux duerch eng Mikroversécherung ergänzt ka ginn.

D'Promoteure si sech bewosst, datt et net einfach gëtt an datt doriwwer eraus nach vill fräiwëlleg Mataarbechter gebraucht ginn fir ënnert anerem de Leit ze hëllefen sech op eng nohalteg Aart a Weis selbstänneg ze maachen an dat besonnesch an den éischte Joeren, wou Microlux operationell ass.

An engem Land wéi Lëtzebuerg, wou vill Leit scho ganz fréi a Pensioun ginn, missten der genuch dorënner ginn déi, déi néideg Erfahrung hunn a bereet sinn hiert Wëssen ze deelen mat deene Leit, déi dréngend Hëllef brauchen...

Wa vill Zäit gebraucht ginn ass fir Microlux ze schafen, dann huet dat vläicht och seng gutt Säiten, well esou hunn d'Promoteure d’Erfahrung gemaach wat et heescht eng nei Entreprise opzebauen well et ass mat Sécherheet ee Fall deen si nach ganz oft an hire neien Aktivitéite begéine wäerten.

Microlux huet sech als Zil gesat a 6 Joer de faméise „breakeven point“ ze erreechen, wou d'Aktivitéiten ufänke rentabel ze ginn. Et kann een hinnen nëmme wënschen datt si dat och erreechen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.