Carte Blanche vum Robert WeberEt feelt eng Visioun, wat fir eng Aarbecht wëlle mer moar?

Dir héiert elo eng Carte Blanche vum Robert Weber, fréiere Nationalpresident vum LCGB a fréieren Deputéierten. Den Här Weber mécht sech kritesch Gedanken iwwer d’Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten.

Di lescht Woch huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit géint de Welle vun de Sozialpartner decidéiert, dass d’Aarbechtszäit flexibiliséiert gëtt andeems, dass am neie  Pan-Gesetz eng Referenzperiod vu 4 Méint mat gläichzäiteg, als Kompensatioun, bis 3,5 Dag méi Congé.

Erstaunlech ass awer, dass eigentlech weder Patronen nach Gewerkschaften dës Léisung wollten. Patrone lafe Stuerm dergéint a Gewerkschafte si gespléckt, hunn awer manner Problemer domat.

Während den OGB-L seng Satisfaktioun weist, hien hätt awer léiwer d’Aféierung vun enger 6. Congé-Woch gehat, ass den LCGB der Meenung, dass Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten a Kollektivvertragsverhandlunge gehéiert.

Am Prinzip ass et och esou, dass d’Rumm vun der Aarbechtszäitorganisatioun an e Gesetz gehéiert an domat Gewerkschaften an Patronen an de Kollektivvertragsverhandlungen iwwer Spillraum verfügen, fir iwwert eng Aarbechtszäitorganisatioun, also Aarbechtszäit an/oder méi Congé- ze verhandelen.

Et hätt ee Kollektivvertragsverhandlungen an de Betriber sécherlech gestäerkt, wann dëse Wee absolut Prioritéit gehat hätt. Esou eng komplizéiert Matière wéi Aarbechtszäitorganisatioun, déi vu Betrib zu Betrib anescht ass an déi realistesch muss sinn, gehéiert an Hänn vun de Sozialpartner.

Dëst hätt sécherlech Positioun vun de Gewerkschaften an de Betriber gestäerkt. Dëst hätt och den Arbeitnehmer méi kloer gemaach, dass si staark Gewerkschaften an hire Betriber brauchen.

Dëst hätt zu enger Valoriséierung vun de Kollektivverträg gefouert. Alles wat fir Lëtzebuerg wichteg ass.

Eis Regierung schwätzt iwwert eng nei industriell Revolutioun, Industrie 4.0 an huet en auslänneschen Expert mat enger Etude doriwwer beoptragt. Patrone weise vill Interessi dorunner. Gewerkschafte sinn do méi zeréckhalend. Letztendleches geet et hei erëm ëm Aarbechtsplazen. Wann e Betrib méi flexibel gëtt, méi automatiséiert, d’informatesch Prozesser méi schnell mécht, da muss et erlaabt sinn, Fro no der Zukunft vun der Aarbecht ze stellen. Mat den Auswierkunge vun der Digitaliséierung gëtt d’Debat vun der Zukunft vun der Aarbecht erëm relancéiert. Bedeit Digitaliséierung vun der Aarbecht och d’Enn vun der Aarbecht ? Wéi gesäit de Wandel vun de Beruffer aus? Wat fir nei Aarbechtsforme kréie mer? Wat sinn d’Auswierkungen op Familljeliewen? Wat sinn d’Auswierkungen op eist Sozialversécherungswiesen …op eis Gesellschaft?

Mir brauchen eng kollektiv Iwwerleeung iwwert   "Schaff a Schaffen 4.0".

An anere Länner gëtt heiriwwer vill diskutéiert an nogeduecht…. Zu Lëtzebuerg keen Thema?!

D’Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäit hätt an dëse Kader gepasst. Et wär och sënnvoll gewiescht, mat de Sozialpartner dës Debatt ze féieren.

Letztendleches bréngt den Diktat vun elo näischt positives. De politeschen Dialog gëtt ganz schwiereg, de Sozialdialog verhäert sech nach weider an an de Betriber sti vill Streitegkeeten an d'Haus.

Soll dat eng wäitsiichteg Politik sinn?

06/05/2016 Carte Blanche ROBERT WEBER



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.