Carte blanche vum Jean HussNee zu CETA an TTIP/TAFTA!

A senger carte blanche fuerdert de Jean Huss, Ex-Deputéierten a President vun AKUT, dat déi lëtzebuerger Chamber an d’Regierung sech géint Fräihandelsaccord’en CETA an TTIP sollen ausschwätzen.

Léiw Nolauschterinnen a Nolauschterer

De Widderstand géint déi ëmstridden EU-Fräihandelsaccorden CETA mat Kanada an TTIP mat den USA ass bekanntlech hei zu Land an europawäit ëmmer méi staark ginn: engersäits grouss Bündnisser vun Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft, Aktiounen a Groussdemonstratiounen, Petitioune mat Milliounen Ënnerschrëfte géint TTIP.

Op der anerer Säit dem President Juncker seng EU-Kommissioun, déi trotzdem einfach weidermécht an de ganzen demokratesche Widderstand, déi Milliounen Ënnerschrëften op eng arrogant Aart a Weis einfach ignoréiert.
Op der anerer Säit och en Obama, dee bei TTIP vill positive Kredit verspillt, well en elo als Chef-Lobbyist vun der Wallstreet a vun amerikanesche Gentech- an Agrarindustrieinteressen optrëtt, während op EU-Säit virun allem Merkel, Gabriel a Cameron als Haaptlobbyisten vun de Profitinteresse vun däitschen an europäeschen Auto- a Service-Konzerner Reklamm maachen. Nach virum Summer, jiddefalls nach dëst Joer, wëlle si dës ondemokratesch, onecologesch an onsozial Fräihandelsaccorden duerchbatschen an, ouni parlamentaresch Autorisatioun, provisoresch a Kraaft setzen, wat en absolutte Skandal wier!

Léiw Nolauschterer, obschonn an de vergaangenen Deeg duerch Revelatioune vu Greenpeace méi iwwert TTIP diskutéiert gouf, ass den CETA-Accord méi urgent, well den 13. Mee déi europäesch Handelsminister tagen an Drock gemaach gëtt, datt déi europäesch Staatscheffen CETA, dësen Zwillingsaccord vun TTIP, nach virun der Summerpaus solle ratifizéieren!

Dësen CETA-Accord ass awer genee esou inakzeptabel ewéi TTIP. Seng neoliberal Orientéierung, alleng am Interesse vu grousse Konzerner a Finanzindustrien, riskéiert nämlech zu enger negativer Liberaliséierung an Dereglementéierung an zu Privatiséierunge vu villen ëffentlechen Déngschtleeschtungen, z.B aus de Beräicher Waasserversuergung, Spideeler, Educatioun a.s.v. ze féieren. Doriwwer eraus solle weiderhi kanadesch Konzerner oder US-Konzernfilialen a Kanada d’Recht hu géint europäesch Staaten oder Regioune virun engem Investorenschutz-Sondertribunal ëm Milliounen Euro Schuedenersaz ze kloen, wa si hir Profiterwaardungen net kënne realiséieren, dass dat elo en ëffentleche Sondertribunal soll ginn, ännert net vill, well och ëffentlech benannte Riichter ëmmer nëmme kënnen Jugementer ausschwätzen op der juristescher Basis vun dëse Verträg.

Den CETA-Vertrag ass derniewent och inakzeptabel wéist der sougenannter „regulatorescher Kooperatioun“ tëschent de Vertragspartner, déi als Haaptzil huet, et am Intérêt vun den grousse Konzerner, méi schwéier ze maachen, bestehend europäesch Schutzgesetzer a Saachen Ëmwelt a Gesondheet, Aarbechts- a Verbraucherschutz kënnen ze verschäerfen, wann nei wëssenschaftlech Erkenntnisser iwwer Risiken oder Gefore virleien.

Léiw Nolauschterinnen a Nolauschterer
Mat CETA an TTIP steet vill ze vill um Spill, wat Ëmwelt a Gesondheet a wat eis demokratesch a sozial Rechter betrëfft. Dofir hunn déi Lëtzebuerger an déi europäesch Zivilgesellschaft absolutt Recht, wa se eis Autoritéiten an déi aner europäesch Parlamenter a Regierungen opfuerderen, definitiv nee ze soen zu dëse problemateschen Accorden.

09/05/2016 Carte Blanche M.HUSS



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.