Carte Blanche vum Roland PinnelEng Zukunft fir eis Vergaangenheet

A senger « carte blanche » vun haut freet de Roland Pinnel, wéi et mat der Zukunft fir eis Vergaangenheet ass. Hie schwätzt domat déi envisagéiert Creatioun vun engem Institut fir Zäitgeschicht un. Hei seng Iwwerleeungen dozou.

Mëtt den 1970er Joer huet et de Slogan ginn «Eng Zukunft fir eis Vergaangenheet». Deemools war mat där Ausso de Bestand vun eisem «patrimoine architectural» gemengt, also eng Ugeleeënheet, déi reng materiell Wäerter am Viséier hat.

Et kann een awer och grad esou gutt déi Devise op immateriell Wäerter uwenden a froen, wat fir eng Zukunft eis Vergaangenheet huet z. B. a puncto Duerstelle vun eiser Geschicht. Dës Fro ass desto méi berechtegt, well de Moment gréisser Changementer an der Gestioun vun eiser rezenter «mémoire collective» ze erwaarde sinn an do ganz besonnesch an dem Opschaffe vun eiser Zäitgeschicht.

A manner wéi 2 Méint soll nämlech de «Centre virtuel de la connaissance sur l’Europe» vu Suessem opgeléist ginn. Dee soll dann an e speziell dofir geschafent Fuerschungsinstitut iwwergoen. An zwar an e sougenannten «Institut d’histoire du temps présent», ofgekierzt «IHTP». Mat eriwwer sollen och nach goen: de «Centre d’études et de recherches européennes Robert Schuman» a Clausen an de «Centre de documentation et de recherche sur la résistance» an der Villa Pauly, grad ewéi de «Centre de documentation et de recherche sur l’enrôlement forcé» an der aler Hollerecher Gare.

Deen nei gegrënnten Institut fir Zäitgeschicht gëtt an d’Uni Lëtzebuerg integréiert a soll do als drëtten interdisziplinären Zentrum schaffen.

Dat ass en ambitiéise Projet an et däerf ee gespaant sinn, wéi den «IHTP» déi gesaten Ziler, nämlech synergetesch ze schaffen, ëmsetzt.

Et ginn awer nach eng ganz Parti Froen, op déi et de Moment nëmmen zimlech diffus Äntwerte gëtt.

Als Beispiller siefe genannt:

-         Wéi situéiert sech den «IHTP» par rapport zum « Institut d’Histoire », deen et schonn haut bei der Uni Lëtzebuerg gëtt? Besteet do net e gewëssene Risiko vun Iwwerlappungen, besonnesch, wat justement d’Opschaffe vun der Zäitgeschicht betrëfft, och eng vun den Attributioune vum Geschichtsinstitut vun der Uni?

-         Wat geschitt mat aneren Entitéiten, déi sech och mat enger zäitgeschichtlecher Thematik befaassen, fir nëmmen de «Musée de la Résistance» vun Esch oder de «Centre de documentation sur les migrations humaines» vun Diddeleng ze nennen? Gi si och an déi nei Struktur agebonnen oder behale si eng gewëssen Autonomie?

-      Wéi ass et mat der Perspektiv vun enger enker Zesummenaarbecht mat deem eréischt virun engem Mount gegrënnte «Robert Schuman Institute of European Affairs»?

Dat ass nëmmen e klengen Echantillon vu Froen, déi sech am Zesummenhang mat dem Schafe vun dem «IHTP» stellen.

Iwwregens, à propos Schuman: et wär nawell sympathesch, wann d’Gebuertshaus selwer vum Robert Schuman och nach an Zukunft weider eng wichteg Roll ze spille krit. An net nëmme säi Balcon bei Geleeënheet vu Visitten, wéi déi deslescht, vum franséische Premier Minister. 

Oder wéi virgëscht beim Dépôt vu Gerben am Kader vun der «journée de l’Europe».

Carte Blanche Roland Pinnel
.


Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.