Carte Blanche vum Paul EstgenDe Autosführerschäin reforméieren?

Déi mécht Leit hei zu Lëtzebuerg hunn jo en Autosführerschäin. Ass en Autosfüherschain also eng Selbstverständlechkeet? Dozou eng Carte Blanche vum Paul Estgen, Soziologe am Centre Jean 23.

An onser Zäit, an onsem Land, ass et jo zimlech normal, dass een en Autosführerschäin huet. Gutt, et ginn der ëmmer rëm, déi hire Führerschäin mol mussen ofginn, well se sech net un d’Spillregele gehalen hunn, mä dat ass lo net mäi Propos. Ech wollt och lo net onbedéngt doriwwer schwätzen, ob den Auto nach Zukunft huet, wann mer un d’Problematik vun der Ëmwelt an dem Klimawandel denken, oder well an der Zukunft den Auto souwisou eleng fiert. Mä ech wollt den Akzent op d’Problematik vun der Ausbildung, fir sou en Autosführerschäin ze kréien, setzen.

D’Fakte si jo erniichterend. An dem Rapport Annuel vum Ministère des Transport kann een noliesen, wéi vill Kandidaten dann esou e Führerschäins-Examen packen. Bei der Theorie sinn dat der sou em 90 Prozent an de leschte Jore gewiescht. Bei dem prakteschen Examen packen et awer just knapps iwwert d’Halschent. Hei kann ee sech d’Fro stellen, firwat dann sou vill Leit do duerchfalen?

Mat Ironie géif ech mer erlaben hei d’Conclusioun ze zeien, dass dat géif bedeiten, dass d’Fahrschoulen net dat richteg Wëssen vermëttelen, an d’Leit net dat kënnen, wat d’Examinateure froen? An allen aneren Domäne vu Formatioun géif ee bei sou engem Taux d’Échec direkt eng Krise-Komissioun grënnen, fir ze verstoen, firwat den Examen net bei déi Ausbildung passt. Dat wär jo alles och net sou dramatesch, wann net dohannert géif déi Fro vum Präis vun der Formatioun stoen. En Autosführerschäin kascht jo em déi 1.600 Euro. An wann een dann en zweeten Ulaf brauch, sinn nach emol 600 Euro fälleg. Dat ass jo no un engem Mindestloun, wat een do muss investéieren.

Wat ass dann d’Zil, wat soll erreecht ginn? Ech denken, dass et jo dorëms gëtt, dass mer d’Leit, an haaptsächlech déi Jonk, kënnen drop virbereeden, verantwortlech mat engem Gefier ëmzegoen, fir dass mer manner Accidenter hunn.

Eng grouss däitsch Versécherungsgesellschaft huet an enger Etude festgestallt, dass den héije Prozentsaz vun Accidenter bei den Jonken (zwar an Däitschland) net mat der Kompetenz vum pilotéieren zesummenhänkt, mä sech erklärt, duerch d’Problematik Alkohol, manner gutt Autoen, an natierlech d’Risikobereetschaft vun de jonke Chaufferen. Dat si Facteuren, wou mer weder mat der Zuel vun de Fahrstonnen, nach mat engem schwéieren Examen eppes drun änneren. Hei muss ee ganz anescht mat Jonke schaffen, fir dass Si besser spieren, wéi eng grouss Responsabilitéit een als Chauffeur huet.

Doniewent gëtt et och nach eng sozial Problematik. Och an engem räiche Land, wéi Lëtzebuerg, ginn et en Deel Leit, déi sech kee Führerschäi kënne bezuelen. Mä de Autosführerschäin ass nun mol net einfach en Luxusartikel, mä och e wichtege Certificat, deen en brauch, fir eng Aarbecht ze fannen. Déi Fro wärt sech och lo, fir en sëllechem Flüchtlinge stellen, déi net onbedéngt e valabele Permis hunn, deen iwwerschriwwe ka ginn.

Konkret misst een also :

1  Kucken, dass den Taux d’Échec beim prakteschen Examen deem vum Theoreteschen entsprécht, also ëm 10 Prozent géif leien.

2  Aiden aféieren, déi et erlaben, och en Autosführerschäin ze maachen, wann ee wéineg finanziell Mëttelen huet.

3  Sollt den Ënnerscheed bestoen bleiwen, dass ee beim Examen besser ofschneit, wann een Conduite-Accompagnée gemaach huet, dn muss d’Gesellschaft och kucken, dass jiddereen dozou Zougang huet, dat heescht och deene soziale Gruppen eppes proposéieren, wou zum Beispill keen Auto doheem disponibel ass, fir sou eppes ze maachen.

4   An da villäicht drun denken, fir Zuel vun den Fahrstonne erofzesetzen. An a Plaatz soll den Staat dann e puer Formatiounsstonnen iwwert déi sozio-psychologesch Dimensioune vum Autofueren ubidden, fir d’Leit zu méi Verantwortung ze erzéien an domadder da wierklech eppes géint déi dramatesch héich Zuel vu schwéieren Accidenter mat Jonken ze maachen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.