Carte Blanche vum Georges HellinghausenReliéis Assistenz, jo der nee?

Eng „question parlementaire“ ass vun zwou sozialisteschen Deputéiert gestallt ginn, iwwer de Prinzip vun der Neutralitéit a Spideeler an a Fleegeheimer. Zur Plaz vum Reliéisen an dësen Institutiounen eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Gefrot gëtt e.a., wéi vill Aumônieren a Kapellen do bestinn a wéi se finanzéiert ginn..., a wéi garantéiert gëtt, dass dat Reliéist Soinen an Hygien an d’Rou an d’Funktionnéiere vu Personal an Institutioun net stéiert. Tëscht den Zeile liest der: Relioun als Gefor fir Läif a Liewen, oder zumindest potenziell geféierlech fir d’Gesondheet...

Total aner Téin am Rapport d’experts iwwer d’Relatioune Staat-Kierch vu virun e pur Joer. Do gëtt grousse Wäert geluet op d'"assistance morale et religieuse spécialisée" fir Leit a besonnesche Liewenslagen, d.h. déi, déi net méi iwwer déi gängeg Weeër reliéis praktizéiere kënnen an Hëllef brauchen. Gemengt si Prisonnéier, Zaldoten (besonnesch bei Asätz an der Friemt) an hospitaliséiert Persounen, déi sech net an eng Kierch deplacéiere kënnen. Kultfräiheet a positiv Reliounsfräiheet, duerch international Mënscherechtskonventioune verbrieft, sinn och hinnen ze garantéieren. Heifir stellt d’kathoulesch Kierch eng Rei pastoral Mataarbechter, bezuelter a benevoler, zur Verfügung; an och Vertrieder vun anere Culten hunn Zougank zu dëse Leit an Institutiounen. Wisou sollt dat elo hannerfrot ginn? Grad an der Oktav – se läit nach keng 14 Deeg zréck – hu mer erlieft, wéi Mënschen aus Alters- a Fleegeheemer duerch d’Relioun Trouscht a Stäerkung an hirer schwéierer Liewenssituatioun konnte fannen. De Combel wier, wa grad dës Kategorie vu Leit, déi sech am mannste wiere kënnen, d’Recht op ganzheetlech an eben och reliéis Begleedung geholl kriten am Numm vun enger falsch verstaner, sakrosankter „Neutralitéit“ am ëffentleche Raum?

Souguer am „régime de séparation“ am Trennungsland Frankräich gi Seelsorger a Prisong, Arméi, Spideeler, Heemer a Schoulen net nëmmen zougelooss, mä souguer vum Staat bezuelt (jo, der hutt gutt héieren!), vum franséische Staat bezuelt: fir deene Persounen an hirer spezifescher Liewenslag d’Ausüben vun der Kultfräiheet an der Gewëssensfräiheet, déi dermat zesummenhänkt, ze erméiglechen. An och an enger vun eisen neie Konventioune mat der Kierch sinn, aus dësem a kengem anere Grond, ausdrécklech Aumônerië virgesinn.

Wëlle mer deene betraffene Fraen a Männer, déi et scho schwéier genuch hunn, och nach de reliéise Bäistand an den Halt an d’Hoffnung, déi doraus erwuessen, ewechhuelen? Aarment Land, deem nach just d’Neutralitéit helleg ass! Well Neutralitéit heescht an deem Fall keng Plaz méi fir Humanitéit, a bedeit Opginn a Sacrifizéiere vun Identitéit an allem, wat se ausmécht. Wat wier dat e sterilt Land – incolore, inodore, insipide!

 Georges Hellinghausen



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.