Carte Blanche vum Richard GrafWat heescht hei Zensur?

Ass d'Ënnerbanne vun enger sexistescher Reklamm e Fall vun Zensur? Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf.

„Sex sells“ heescht et.

E klassescht Beispill dierften déi manner ugedoe jonk Fraen op den Kühlerhauwe vun PS-strotzende Sportsmaschinne sinn. Hei soll e virun allem männleche Publikum zum kucken a kafen animéiert ginn.

An den 1970er Joren hunn déi militant Fraen-Organisatiounen, oft mat spektakuläre Methoden, op de Mëssbrauch vum weibleche Kierper als Verkaafsargument fir déi ënnerschiddlechste Produkter higewisen. Tatsächlech huet dat, wat een allgemeng als „sexistesch Reklamm“ bezeechent, duerno och ofgeholl.

Mä do wou déi eng sech zeréckhalen, kënnen anerer, déi manner Skrupel hunn, profitéieren.

Et huet een och d'Gefill, datt an de leschte Joren de Sexismus an der Publicitéit nees zougeholl huet.

Dat wat emol eng Kéier en gesellschaftlechen Acquis wor, muss also elo mat aneren Mëttele verdeedegt ginn.

E gesetzlecht Verbued vun sexistescher Publicitéit ass dofir säit Längerem eng Revendicatioun vun den de Fraenorganisatiounen och hei zu Lëtzebuerg.

Déi professionell Branche vun de Publicitairen huet en aneren Wee ageschloen:

Duerch eng Selbstkontroll, där sech hir Membere fräiwëlleg ënnerwerfen, soll eng ze vill rigid gesetzlech Regelung evitéiert ginn.

Eng Kommissioun fir Ethik an der Publicitéit gouf agesat.

D'„Clep“, soll - net nëmmen a Fäll vu sexisteschen Reklammen - e Feelverhalen vun hire Memberen ënnerbannen.

Wuel gemierkt: Dës Kommissioun gëtt vu Professionellen aus der Branche zesumme gesat. Si selwer gi sech d'Spillregelen, déi da fir jidderee solle gëllen.

E rezente Fall vun engem bekannte Crémants-Produzent huet elo d'Limitte vun dësem Verfahren opgewisen:

Do ass eng jonk Fra am Bikini ze gesinn, déi op héijen Tallekeschong vun hanne gewise gëtt an iwwer d'Schëller an d'Kamera kuckt. Besonnesch ee Kierperdeel réckelt hei an de Mëttelpunkt, dee mam Drénke vu Spruddelwäin nun iwwerhaapt näischt ze dinn huet.

E Schoulbeispill fir dat, wat ënner enger sexistescher Reklamm ze verstoen ass.

Trotzdem wëll d'Kellerei Decisioun vun der Clep, dëse Visuel zeréckzezéien, net akzeptéieren.

Méi schlëmm nach: iwwer d'Facebooksäit, op där dës Campagne lancéiert gouf, hu si eng Ëmfro gestart, wou hir Visiteure kënnen uginn, ob si d'Decisioun vun der Clep richteg fannen oder net.

Datt hei d'Meenung zimlech eesäiteg zum „Neen“ tendéiert, ass sécher net verwonnerlech.

Wat éischter erschreckt, ass den veritable Shit-Storm, dee géint d'Clep a besonnesch déi Fraenorganisatioun, déi eng Plainte agereecht hat, lass getruede gouf.

Dat Ganzt op engem Niveau, deen d'Kellerei hätt missen alarméieren an dozou bréngen, dem Trauerspill ganz schnell en Enn ze maachen.

Stattdessen gëtt vun Zensur geschwat, woubäi awer vergiess gëtt ze präziséieren, datt et hei ëm Regelen geet, déi d'Pübs-Branche sech selwer operluecht huet.

An d'Kellerei, déi sech hei als Affer duerstellt, ass selwer Member am Verwaltungsrot vum dem Conseil de la publicité, den d'Clep agesat huet.

Spéitstens no der Päischt-Vakanz, wann d'Protagoniste vun hiren Croisièren a an anere Vakanzen zeréck sinn, dierfte mer gewuer ginn, ob d'Clep an d'Selbstkontroll vun der Branche dann elo effektiv funktionéieren - oder ob mer net aner méi eendeiteg Gesetzer brauchen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.