Carte Blanche vum Marc GlesenerBanalen Déifstall a global steierpolitesch Spillreegelen net vermëschen!

De LuxLeaks-Prozess ass eng Erausfuerderung fir de Rechtsstat. D’Fro ass eben net déi, ob den Zweck d’Mëttel hellegt. Dorun ännert och heftegen ëffentlechen Drock näischt. Am Fong geet et ëm Déifstall. Eng "carte blanche" vum Kommunikatiounsberoder a laangjärege Journalist Marc Glesener.

Enn Juni gëtt d’Urteel am sougenanntene LuxLeaks-Prozess geschwat. Ugeklot sinn zwee fréier Mataarbechter vu PwC an ee Journalist. D’Leit vu PricewaterhouseCoopers kréie virgeworf, bei hirer Firma Dokumenter geklaut ze hunn. De Journalist huet des Donnéeë publik gemaach. 18 Méint Prisong fir d’Klauen an eng Geldstrof fir d’Publizéieren. Dëst ass et, wat de Parquet freet.

Dës Strofe passen an d'Rumm vun deem, wat am Gesetz steet a wat deemno vum Rechtsstat virginn ass. Wichteg och an dësem Kontext: Hei ass näischt geklaut a verëffentlecht ginn, dat mat Strofdoten ze dinn huet. Kee vun den Ugekloten ass deemno mat sengen Acten der Verflichtung nokomm, eng kriminell Handlung ze denoncéieren. An esou engem Fall wiere mer an engem anere Film.

Hei geet et letztendlech ëm d’Klaue vun privaten a vertraulechen Dokumenter am grousse Stil. Dat ass net an der Rei. Do ass d’Gesetz gefuerdert an de Rechtsstat muss an esou Fäll och gräifen.

Dat gesinn natierlech vill Leit, virun allem am Ausland, ganz anescht. Déi franséisch politesch Klass zum Beispill, där Lëtzebuerg an de Succès vun der Finanzplaz zanter Laangem schonn en Dar am A ass. D’Fransouse klappen aus Prinzip op Lëtzebuerg a maachen elo aus dem Här Deltour e reegelrechten Held; zu engem Whistleblower, deen am Prinzip ee Gielche vum Staat verdéngt hätt an net Prisong.

Et gëtt gemaach, ewéi wann an der Affär Deltour moralesch a gesetzlech Regelen openeen praffen giffen. Esou kann een dat gesinn. Et ass allerdéngs e bëssen einfach duergestallt an am Fong net richteg. D’Dokumenter, ëm déi et geet, beschreiwe keng illegal Praxis an och keng Virgäng, déi verbuede woren. Weder a Lëtzebuerg. Nach an anere Länner vun der EU. An doriwwer eraus op ville Plazen scho guer net.

D’Fro vum Déifstall vun Dokumenter mat dem Fong vu globale steierpolitesche Spillreegelen ze vermëschen, ass eng simplistesch Aart a Weis virzegoen. Et ass eigentlech eng Oflenkung.

De Rechtsstat zu Lëtzebuerg muss Déifstall bestrofen. De Rechtsstat oder besser gesot eng global Rechtsstaatlechkeet, zum Beispill an der EU, muss sech eens ginn doriwwer, wéi Steierregelen harmoniséiert an och duerchgesat ginn. An dobäi muss Europa als Wirtschaftsstanduert och bedenken, dat een um Weltmarché a Konkurrenz mat anerem steet. Ee Steier-Ruling, wat eigentlech net méi ass, wéi en Ofkommes mat der Steierverwaltung, deen et der Entreprise erlaabt, ze gesinn, wou se sech steierlech hi beweegt, ass un sech eng positiv Saach.

Absolut lächerlech sinn an dësem Kontext iwwregens déi opgereegte Stëmmen heiheem, déi elo op eemol net midd mat Kritik un der Steierpolitik, Rulingen inklusiv, vun deene leschten 20 Joer ginn.

Déi Suen, déi de Staat, also mir all, zum Beispill duerch esou Rulinge verdéngt hunn, hu mir gebraucht, fir deier Infrastrukturen, ëffentlech Servicer, Geldleeschtungen am Sozialen an esou wieder ze finanzéieren. Loosse mer dach éierlech sinn: Rulinge woren en Deel vum Lëtzebuerger Modell, deen et villen erlaabt huet, heiheem gutt ze liewen. Net nëmmen de Banker.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.