Carte Blanche vum Tom BellionVu Matmënschen, déi net vill Zäit hunn, mä vill Zäit ginn

25/05/2016 Carte Blanche Tom Bellion


Nennt et Benevolat, Volontariat, Eirenamt, Noperschaftshëllef oder och nach anescht – et gi ganz vill Mënschen, déi sech nieft hirem Beruffs- a Familljeliewe fräiwëlleg an hirer Fräizäit engagéieren.

Dat ass schonns beandrockend, well mer jo wëssen, dass jidderengem seng Zäit seng eege biologesch Grenz huet. Zäit ass also ee ganz wäertvollen Artikel, mat deem ee sollt bewosst ëmgoen.

Eng däitsch Etude aus dem Joer 2014 huet festgestallt, dass ëmmer méi Leit sech fräiwëlleg engagéieren. Jo, Dir hutt richteg héieren : ëmmer méi Leit engagéieren sech fräiwëlleg.

Jee no Alter, Geschlecht a Bildung ass d’Intensitéit an d' Frequenz vum Engagement verschidden.

D’Aufgabefelder sinn och ganz variéiert : Sport, Kultur, Musik, Sozialberäich, Fräizäit a Gesellegkeet, Ëmwelt, Politik, Déiereschutz, Rettungsdéngscht an esou weider – d’Méiglechkeete fir sech anzesetze sinn onbegrenzt.

Och Zuel vun deenen, déi sech a Veräiner engagéieren ass, laut där selwechter Etude, tëscht 2009 an 2014 vu 37,8% op 44,8% vun der Bevëlkerung iwwert 14 Joer an Däitschland geklommen.

Ee Fënneftel vun de Leit, déi sech engagéiere ginn, méi wéi sechs Stonne pro Woch hir, méi wéi d’Halschent ëmmerhi bis zu 2 Stonnen.

Interessant ass awer och ze gesinn, dass obwuel méi Leit sech engagéieren, an der Moyenne deen eenzelne manner vu senger Zäit hier gëtt.

Dat fräiwëllegt Engagement ass ee vun den Haaptpilieren vun eiser Gesellschaft. Ouni déi Matbierger, déi sech, dacks mat Häerz a Séil engagéiere, géif eise Gesellschaftsmodell an eis Gesellegkeet iwwert wäit Strecken zesummebriechen.

D’Etude aus dem Joer 2010 vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte iwwert de Secteur associatif weist, dass d’Associatioune ganz enk Relatioune mam Staat, de Gemengen, mat aneren Associatiounen oder och nach mat Entreprisen hunn. Et ass ee breetgefächert Netzwierk vu Kompetenz, Engagement an Zesummeliewen, dat eise Gesellschaftmodell nohalteg ënnerstëtzt.

Mee firwat engagéieren d’Leit sech da fräiwëlleg an enger Gesellschaft ? An der Wëssenschaft gëtt do tëscht altruisteschen an egoistesche Motiver ënnerscheed.

Dacks ass et eng Kombinatioun vu méi Motiver, déi et ausmécht : Zäit sënnvoll notzen, ee gutt Gewëssen, Matleed, Dankbarkeet, Betraffenheet, Erfahrungen deelen, Kompensatioun, Integratiounsbedürfniss, Kontaktbedürfniss, Geltungsbedürfnis, Heldentum, Muecht, Erwaarde vu Virdeeler, … an esou weider.

Et kann een nëmme Respekt vrun all deenen hunn, déi sech fräiwëlleg engagéieren an domadder der Gesellschaft een onbezuelbaren Déngscht leeschten.

An dofir sollen déi Leit nach méi an den Sonndesriede gelueft ginn an nach méi oft Merci gesot kréien, ëmmer nees, well fräiwëllegen Engagement am Déngscht vun der Allgemengheet ass keng Selbstverständlechkeet.

Mee et wier awer och gutt, wann d'Politik sech géif der Fro vun der Responsabilitéit unhuelen a nach méi informéieren a sensibiliséieren, respektiv d'Gesetzgebung esou upassen, dass déi Leit déi sech fräiwëlleg engagéieren net och nach fräiwëlleg Responsabilitéiten op hir Schëllere lueden, deenen si sech vläit guer net bewosst sinn an am Eeschtfall och net Meeschter ginn.

Mee dat Thema wier bestëmmt nach eng Carte blanche wäert.

Tom BELLION

25.05.2016

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.