Carte Blanche vum Robert GoebbelsD’Sécherheet am Verkéier géint d’Automobilisten?

Am Laf vun de Jorzéngte sinn eis Stroosse méi sécher ginn. Bei engem Fuerpark vun 110.000 Autoe gouf et 1970 nach 132 Doudeger. D’lescht Joer woren et bei iwwer 500.000 Vehikele 36 Doudeger. Bei deeglech 1,2 Milliounen Autofahrten am Ländchen ass dat relativ wéineg.

Dës positiv Entwécklung ass virun allem der Auto-Industrie ze verdanken, déi ëmmer méi sécher Ween baut. Och de Staat huet a besser Stroossen investéiert, fir méi Polizeipräsenz gesuergt, méi repressiv Gesetzer erlooss.

Bei der Repressioun stéisst d’Politik awer un eng Grenz, no där et net automatesch méi Sécherheet gëtt! Just nach e brutaalt Ofkasséiere vun den Automobilisten. Dat ass elo de Fall.

Nodeem 0,5 Promillgrenz agefouert war, gouf et 2013 trotzdem 41 Doudeger.

Fir 2014 hat d’Politik sech keng nei Strofen afale gelooss. Mat 31 Doudeger war de Bilan awer besser.

Mat dem Objektiv „Null Doudesaffer“ huet de Minister Bausch 2015 méi streng Strofen agefouert. Trotzdem: 36 Doudeger.

Elo blëtzt et op de Stroossen ewéi an engem permanenten Donnerwieder. Iwwer 50.000 Automobiliste si schonns a Radarfale getappt. Doudeger si weider ze bekloen.

D’Mënsche sinn net perfekt. Et wäert ëmmer nees Accidenter ginn. Et gëtt iwwregens duebel esou vill déidlech Accidenter doheem, ewéi op der Strooss.

Mee eng staark Lobby, finanzéiert vun den Assurancen, rifft no all Accident zu ëmmer neier Repressioun op.

Zu Lëtzeburg sinn d’Radar-Kontrolle méi repressiv ewéi zum Beispill a Frankräich. Do gëtt et eng Toleranz vu 5 Stonnekilometer, bei mobile Kontrollen esouguer 10 Stonnekilometer. Bei eis gëtt méi schnell kasséiert. Och ass de System kloeer als Automobiliste-Fal opgebaut.  

Ee Musterbeispill ass de Radar um Enn vun der Escher Autobunn bei Märel. Bannent engem Kilometer muss den Automobilist vun 130 op 90 erof. A wann ee virun der Unterführung net op 70 ass, blëtzt et.  Firwat sinn do 70 Stonnekilometer? An aneren Tunnelle sinn et 90 Stonnekilometer?

Et geet net ouni Repressioun am Stroosseverkéier. Mee zu Lëtzeburg geet d’Repressioun ze wäit. Iwwer 5.000 Führerschäiner si fort. Dofir fueren ëmmer méi Leit ouni. 2014 huet d’Police 770 Automobilisten ouni Schäin opgegraff.

„Null Toleranz“ a „Null Accidenter“ kléngt zwar energesch, féiert awer an den totale Polizeistaat, ouni déi gewënschte Resultater.

Anstatt no all Accident nei Verbueder ze erloossen, wär de Minister gutt beroden, an d’Ursaachefuerschung ze investéieren. Bei der Sécherung vun eisem Stroossennetz ass nach vill ze maachen.

Carte Blanche: Robert Goebbels (27. Mee 2016)



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.