Carte Blanche vum Alain WagnerEng Reform mat Baart

Vun der nächster Schoulrentrée un soll am Frankräich déi nei Rechtschreiwung gëllen, déi scho viru ronn 25 Joer festgeluecht gouf. Iwwer dës Decisioun gëtt och hei zu Lëtzebuerg vill diskutéiert. Virun enger gudder Woch krut eisen Unterrechtsminister esouguer eng question parlementaire zu dësem Thema gestallt. Vill Opreegung also – an dat fir net ganz vill. Dat mengt den Alain Wagner a senger Carte blanche.

Datt eng Reform e Véierelsjoerhonnert laang op Äis läit an dann urplëtzlech aus der Mattekëscht ervirgekroomt gëtt, kënnt wuel net esou dacks vir. Genau deen Zeenario huet sech awer elo am Kontext vun der franséischer Rechtschreifreform ofgespillt. Kaum een Hunn huet nach no engem Text gekréint, dee schonn 1990 offiziell ofgeseent gouf, bis elo viru Kuerzem déi franséisch Editeure vu Schoulbicher decidéiert hunn, déi nei Schreifweis z’iwwerhuelen. 

Sécher sinn déi proposéiert Ännerungen de Moment nach fakultativ. Si sinn och manner dramatesch, wéi dat heiansdo duergestallt gëtt, a betreffen nëmme ronn véier Prozent vum gesamte Wuertschatz. An awer muss d’Fro erlaabt sinn, firwat eng Reform, déi sech esou laang net um Terrain konnt duerchsetzen, elo op eemol vun uewen erof an d’Praxis soll ëmgesat ginn.

De Risiko ass grouss, datt um Enn näischt weider dobäi erauskënnt wéi e Stuerm am orthographesche Waasserglas. Déi Leit, déi d’Rechtschreiwung gutt beherrschen, ginn onnéideg veronséchert. Deene Leit awer, déi sech mat där komplexer franséischer Orthographie schwéier dinn, gëtt wéineg bis guer net gehollef. Well mat den tatsächleche Problemer huet dës Reform rose wéineg ze dinn.

Ob Schüler e Wuert wéi « île » mat oder ouni Hittche schreiwen, ass mëttlerweil eng zweetrangeg Fro. Déi Feeler, déi d’Enseignanten hautdesdaags an de Kopië virfannen, si vun engem ganz anere Kaliber. Verben, déi zum Deel just nach per Zoufallsprinzip accordéiert ginn, Sätz, déi syntaktesch vir an hannen net opginn, Konfusioun tëschent Infinitiv a Partizip, tëschent « qui » a « que », tëschent « le » a « lui » … Hei geet et längst net méi ëm Detailer, mä ëm d’Quintessenz vun der Sprooch.

D’Ursaache vun dëser Situatioun leie sécher net nëmmen an der Schoul. Déi medial Reizüberflutung féiert bei ville Schüler zu Konzentratiounsproblemer, déi sech net nëmmen an de Sprooche manifestéieren. Den Desaster ass awer och zum Deel hausgemaach. Wann zum Beispill d’Diktater verpönt oder esou guer verdäiwelt ginn, wann de Kanner virgegaukelt gëtt, si kéinten einfach esou drop lass schreiwen, wa kee systemateschen Apprentissage vum Vocabulaire stattfënnt, da brauch ee sech net ze wonneren, wann d’Schüler sech schlecht Gewunnechten uneegnen, déi se spéider nëmmen nach schwéier kënne lass ginn. An Zäiten, wou um Aarbechtsmaart verstäerkt op eng korrekt Sprooch gepocht gëtt, ass esou e pseudopädagogescht Gewurschtels ganz einfach onverantwortlech.

 Beim Léiere vum korrekte Schreiwe soll et natierlech net drëms goen, d’Schüler mat allerlee Ausnahmen a Spëtzfënnegkeeten ze ploen, wéi dat fréier deelweis de Fall war. D’Zil soll sinn, datt d’Kanner vun Ufank un dru gewinnt ginn, déi gängeg Sprooch méiglechst feelerfräi ze benotzen – net méi an net manner. Tëschent engem iwwerdriwwene Purismus an der orthographescher Anarchie gëtt et e gesonde Mëttelwee. An deen ze fanne géif de Schüler wesentlech méi hëllefe wéi eng Reform, där hire Baart ee Véierelsjoerhonnert laang gewuess ass.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.