Carte Blanche vum Astrid LullingMeneure géint den TTIP sollen ophalen, d’Leit opzestëppelen

Den TTIP gehéiert NET op den Tipp mengt d'Astrid Lulling an hirer Carte Blanche. Déi fréier CSV-Europadeputéiert weist wéineg Versteesdemech fir déi Lëtzebuerger Géigner vum transatlanteschen Handelsofkommes.

Carte Blanche vum Astrid Lulling



Ech sinn entsat doriwwer, wat zu Lëtzebuerg a punkto TTIP lass ass.

Déi militant Minoritéit vun Agitateuren, déi net emol wëllen, datt mer mat eise Frënn a Partner aus den USA iwwer eng transatlantesch Handels- an Investmentspartnerschaft tëschent der EU an den USA verhandelen, behaapten, 80% vun de Lëtzebuerger wiere géint den TTIP . Et ass éischter esou, dass eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger net weess, firwat déi Ofkierzung TTIP iwwerhaapt steet, nämlech fir ‘transatlantic trade and investmentpartnership’.

Wann ee verhandelt tëschent Länner oder tëschent Privatpersounen, besonnesch wann et ëm grouss Interête geet, da leet ee seng Kaarten net direkt op den Dësch. Dat ass keng Geheimhaltung, dat ass normal.

Et ass och normal, dass fir d’Virbereedung vu Verhandlunge jidder Partner seng eege Pabeieren, Studien iwwer méiglech Auswierkungen, Optiounen opstellt. Dat wat an esou engem Pabeier steet, ass och kee Verhandlungsresultat.

Datt Greenpeace esou e Verhandlungspabeier vun der amerikanescher Administratioun benotzt, fir ze fuerderen, elo misst direkt opgehale ginn, iwwer TTIP mateneen ze schwätzen, oder wéi de President vum Lëtzebuerger Konsumenteschutz et populistesch formuléiert huet: “elo gehéiert den TTIP  op den Tipp”, ass Irféierung vun der Populatioun.

Hannert dëser Taktik steet bewosst Hëllef fir d’Russen, d’Chinesen an anerer an dëser Welt, déi sech net grad profiléieren als Demokraten, déi Respekt viru Mënscherechter hunn, an déi natierlech net wëllen, dass d’EU an d’USA zesumme wirtschaftlech nach méi staark ginn, wa se hir Handelsbarriären ofbauen.

Et gëtt natierlech och déi onbewosst Matleefer vun dem Anti-TTIP-Forum zu Lëtzebuerg, déi sech Suerge maachen iwwer de Respekt vu bestëmmten europäeschen Normen, z.B. a punkto Qualitéit vun eise Liewensmëttel, déi eis um Häerz leien.

D’Leit solle wëssen, dass d’Europäescht Parlament dem Resultat vun den TTIP-Verhandlungen zoustëmme muss. An do gëtt et kloer rout Linnen, besonnesch wat d’Qualitéitsnorme betrëfft. Och den amerikanesche Kongress muss zoustëmmen. Et ass elo nach näischt geschitt.

Déi Meneure géint den TTIP sollen ophalen, d’Leit opzestëppelen mat Angscht, déi manifest op Desinformatioun baséiert. Ech hunn den Zweete Weltkrich nach als Teenager erlieft. Dofir weess ech wéi gemenggeféierlech fir eise Liewensstandard, fir eis Liewensqualitéit a Fridden a Fräiheet et ass, wa mer eis vun deem primitiven Anti-Amerikanismus vun de Géigner vum TTIP a wa mer eis vun de Géigner vun Europa irleede loossen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.