Carte Blanche vum Laurent SchleyE schwaache Glawen

Reliouns- a kierchekritesch Organisatiounen zu Lëtzebuerg kréien oft virgehäit, si wéilten deene gleewege Leit hire Glawen ewechhuelen. Wat et domadder op sech huet, freet sech de Laurent Schley, President vun AHA Lëtzebuerg, a senger Carte blanche mam Titel „E schwaache Glawen“.

© Christine da Felicidade

Als rationelle Mënsch ouni Glawen u Saache wéi e Gott, e Spaghettimonster oder eng Téikan déi ronderëm d’Äerd dréint weess ech net wéi et sech ufillt, sou ee Glawen ze hunn. Ech ka mir ganz einfach guer a glat näischt ënnert deem Wuert virstellen. Dat Wuert Glawen ass fir mech souzesoen eng eidel Wuerthüls, déi ech net brauch.

Elo gëtt et natierlech Leit, déi sou ee Glawen hunn. E ganz staarke Glawen, wéi dat heiansdo a chrëschtleche Publikatioune geschriwwen oder a kathoulesche Priedegte gesot gëtt. E Glawen un ee Schöpfergott, deen d’Äerd an all d’Liewewiesen doropper geschafen hätt, an sou wieder an sou fort. Mir kenne jo all déi Geschichten.

Lo behaapte Sympathisante vun organiséierte Reliounen zu Lëtzebuerg mat gebiedsmillenähnlecher Regelméissegkeet, dass reliounskritesch Organisatiounen de Leit hire Glawe wéilten ewechhuelen. Fakt ass, dass sou Organisatiounen dee Glawen als Phänomen op philosopheschem Niveau kritiséieren, well se der Meenung sinn, dass mat sou engem Glawe vill Problemer verbonne sinn. Fakt ass awer och, dass een als Reliounskritiker natierlech akzeptéieren a respektéiere muss, dass eenzel Leit sou Saachen ebe gleewen. De Fait, dass een eng Iddi kritiséiert, heescht net, dass een dat selwecht mat Leit mécht, déi déi Iddi gleewen. Mënsche muss ee respektéieren, mee Iddien net. Deen Ënnerscheed sollt ee kënne maachen. Och wa Reliounskritiker also Relioun a Glawen als Phänomener uprangeren, sou respektéiere si natierlech nawell déi Matmënschen, déi dorunner gleewen, als dat wat mer gemeinsam sinn, nämlech Mënschen. Et wëllt also keen iergend engem eppes ewechhuelen.

Mee den hypothetesche Fall gesat, et wéilt een, kéint een et dann? Geet et wierklech duer, dass puer dohiergelafen Atheisten d’Relioun an de Glawe kritiséieren, fir dass déi Gleeweg hire Glawe fale loossen? Wann dat sou wier, da wier de Glawe jo wuel net sou staark wéi en oft geriet gëtt; nee, da wier et wuel éischter ee ganz schwaache Glawen.

Ech sinn der Meenung, dass de Problem fir déi ierdesch Gottesvertrieder net ass, dass Reliounskritiker de Leit hire Glawe wéilten oder kéinten ewechhuelen. Déi Premiss ass nämlech guer net ginn. Déi grouss Angscht vun den organiséierte Reliounen ass d’Opklärung vun de Mënschen, notamment via d’Naturwëssenschaften, mee och duerch aner Wëssenschaften, an deen domatter verbonnene Muechtverloscht vun den ierdesche Gottesvertrieder. Wat d’Mënsche méi iwwert eis Welt, hier Entstehung an hiert Liewe wëssen, wat se manner op reliéise Glawen zeréck gräifen a sech net sou einfach fir domm verkafe loossen. Firwat soss hätt e gewësse Katholikekardinol Ratzinger, spéider bekannt als Benedikt de 16., an enger Ried den 31. Dezember 1979 gesot: "Der christliche Gläubige ist eine einfache Person. Aufgabe der Bischöfe ist es deshalb, den Glauben dieser kleinen Leute vor dem Einfluss der Intellektuellen zu bewahren."

Dont acte.

 

Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg a.s.b.l. (AHA), www.aha.lu

Member International Humanist and Ethical Union (IHEU)
Member European Humanist Federation (EHF)
Member Alliance for a Secular Europe
Member Cercle de Coopération des Associations laïques (CCAL)



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.