Carte Blanche vum Marc MullerAarbecht a Kapital

Méintlaang hu sech Patronat a Gewerkschaften iwwert d'Thema vun der Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten gestridden, ouni sech eens ze ginn. Wat als punktuell Divergenz eriwwerkoum muss an engem méi breede Gesamtkontext gesi ginn: nämlech dem Zesummespill vun „Aarbecht“ a „Kapital“ am Produktiounsprozess vun all Wirtschaftsaktivitéit. Béid “facteurs de production” hunn hiren Präis a WËLLE remuneréiert a respektéiert ginn.

Historesch gesinn, huet et d’Gewerkschafte Joerzéngten un haardem Asaz kascht, fir eng Rei Acquisen ze erkämpfen, déi fir vill Salariés déi lescht Joren selbstverständlech waren: Kranken-, Pensiouns-, Onfall- an Fleegeversécherung, geregelt an ëmmer méi kuerz Aarbechtszäiten, gutt Peien etc. An de “gudde Wirtschaftsjoeren”, den “trente glorieueses”, ass dëst Ëmverdeelen vun de Friichten vun der Produktioun den Entreprisen och net all ze schwéier gefall, et war jo genuch fir ze verdeelen do. „Aarbecht“ a „Kapital“ si sech, trotz Divergenzen ëmmer eens ginn, oft am Kader vun der Tripartite, d.h. zesummen mat der Regierung.

Haut awer, an enger globaliséierter Wirtschaft, gëtt d’Konkurrenz aus aller Welt ëmmer méi grouss an d’international Produkter fir den eenzelen Konsument ëmmer méi accessibel, besser an der Qualitéit a méi niddreg am Präis. D’Konditiounen awer ënnert deenen produzéiert gëtt sinn net weltwäit identesch: Kaum Ëmweltschutz a kaum Assurances sociales, méi laang Aarbechtszäiten a plazeweis esouguer Kanneraarbecht, verschafen virun allem der asiatescher an osteuropäescher Konkurrenz zolidd Käschtenavantager.

Mam massiven Import a Konsum vun deene Produiten a Servicer exportéieren mir indirekt Aarbechtsplazen an importéieren de potenziellen Ofbau vu sozialen Acquisen an Zentraleuropa, well den Export vun eisen héije soziale Standarden an d’Welt eraus net, oder net séier genuch, erfollegt. Ongläich Producteuren agéieren um Weltmarché also géinteneen, well den Produktiounsfaktor „Aarbecht“ (de Mënsch) manner mobil a flexibel ass wéi den Faktor „Kapital“.

Déi weltwäit Konkurrenz huet en ongläichen a geféierlechen Wettbewerb em d’Produktivitéit vun den Produktiounsfaktoren „Aarbecht“ a „Kapital“ lassgetrueden an den Verdeelungskampf ëm d’Friichte vun der wirtschaftlecher Aktivitéit tëscht „Aarbecht“ (dem Loun) a „Kapital“ (den Dividenden an Zënsen) zougespëtzt.

D’“Kapital“ gewënnt duerch de Konkurrenzdrock ënnert de Länner iwwert Kontinenter ewech u Muecht, stellt déi héich sozial Standarden an ëmmer méi europäesche Länner a Fro (Stéchwierder: Aarbechtszäitflexibiliséierung, zäitlech begrenzt Aarbechtskontrakter, etc) a spillt weltwäit d‘Regierunge steierpolitesch (Stéchwierder: „tax ruling“ an „panama papers“) géinteneen aus. „D’Geschicht widderhëlt sech“, „Opium für das Volk“ an „de Mënsch vergësst séier“ … Leider sinn dëst keng eidel Floskelen.

Duerfir, wéi ugangs gesot: „Aarbecht“ a „Kapital“, béid “facteurs de production” hunn hire Präis a „wëlle“ remuneréiert a respektéiert ginn. Méi genee, si MUSSE FAIR (!) remuneréiert ginn, mee dat geet just wann „Aarbecht“ a „Kapital“ hir géigesäiteg Ofhängegkeet unerkennen, sech respektéieren an sech als Ganzt verstinn. Dëst am Kader vun enger weltwäiter sozialer Maartwirtschaft, déi duerch onofhängeg Politiker a staarke Staaten solidaresch geregelt gëtt. En entfesselten neoliberale Kapitalismus, zum kuerzfristegen Notzen vun enger Minoritéit, setzt laangfristeg d’sozial Cohesioun an de Länner, d’friddlech Zesummeliewe vun de Länner an d’Gläichgewiicht vun eiser Äerdkugel op d’Spill. Duerfir muss och den drëtte „facteur de production“ nach méi staark respektéiert ginn: eis limitéiert „Ressources naturelles“, eis Natur, eis Ëmwelt.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.