Carte Blanche vum Ben FayotEng Hëllef fir e Loyer

Den 1. Januar 2016 gouf duerch Gesetz eng Hëllef fir de Loyer agefouert. Eigentlech eng sozial wichteg Mesure, déi breet politesch Zoustëmmung fonnt huet. Et ass awer der wäert, dës Mesure kritesch ze hannerfroen.

Vru gutt 6 Méint gouf eng staatlech Hëllef fir de Loyer agefouert.

Wann engem säi  Loyer méi wéi en Drëttel vu sengem Akommes kascht, kann en dofir eng Hëllef vum Staat kréien.

Et gëtt 12.000 bis 13.000 Stéit zu Lëtzebuerg, déi dës Loyershëllef kënnten froen.

Bis elo sinn awer nëmmen 2.210 Demanden erakomm. Dovun sinn Enn Mee eppes méi wéi 10%, d.h. 249, definitiv ugeholl ginn, an 989 sinn am Gaang ënnersicht ze ginn.

Bei der extrem gespaanter Lag um Wunnengsmaart an den héije Loyerspräisser ass dat erstaunlech wéineg.

Wéi ass dat ze erklären?

All ëffentlech Hëllef fir eng präzis Kategorie vu Leit verlaangt e groussen Opwand vu Kommunicatioun a Verwaltung.

D’Leit selwer mussen en Dossier zesummenstellen, wat fir muenech net einfach ass.

D’Dossieren, déi eragereecht musse ginn, si komplex, well all eenzel Situatioun genee duerchliicht muss ginn. Déi eenzel Verwaltungen, déi d’Dossieren behandelen, musse gutt zesummen schaffen.

En anere Problem besteet doran, dass d’Conditioune vum Gesetz ganz präzis sinn, fir dass nëmme keen Abus virkënnt.

Dat ass sécher luewenswäert, bedeit awer och, dass d‘Gesetz doduerch net flexibel ass. Et gesäit z.B. vir, dass ee keng eege Wunneng däerf hunn, fir déi Hëllef ze kréien. Dat ass abstrakt gesi richteg. Mais konkret ass dat ze strikt.

Wann z.B. e Stot, deen eng gemeinsam Wunneng huet, an d’Bréch geet, da muss op d'mannst ee Partner auszéien a Loyer bezuelen. Well de Verkaf vun der gemeinsamer Wunneng sech awer dackst jorelaang hinzitt, kann en all déi Zäit keng Loyershëllef kréien, souguer wann all déi aner Conditioune stëmmen.

Et misst also relativ schnell gekuckt ginn, ob dat Gesetz wierklech gräift, well déi Hëllef fir vill Leit mat klengem Akommes absolut noutwendeg ass.

Nieft dëser nëtzlecher Hëllef op der Säit vun der Demande muss d‘Politik sech vill méi ëm d’Offer bekëmmeren.

Si muss de Reflex endlech kréien, Wunnengen fir all Boursen am A ze halen, an zwar net nëmmen déi, déi nei gebaut ginn, mais och déi, déi bestinn.

Et reegt mech ëmmer erëm op, dass an der Stad Lëtzebuerg, wat jo bekanntlech en deiere Pflaster ass, zënter Joerzéngten massiv Wunnengen zweckentfriemt ginn.

Ënnert dem Drock vun der wirtschaftlecher Entwécklung ginn Honnerten, wann net
Dausende  Wunnengen fir aner Zwecker gebraucht wéi d’Wunnen,, an dat trotz de Gesetzer, déi dat verbidden.

E politesche Wëllen fir dat ze verhënneren gesinn ech net, op jidde Fall net an der liberal geféierter Stad.

Déiselwecht Stad keeft och selwer Haiser, huet awer nach laang net de Reflex, all déi Haiser fir Awunner zur Verfügung ze stellen.

Zwanzeg Jor laang stoung op der Gare, Eck Rue Michel Welter Rue Michel Rodange en dräisteckegt Gemengenhaus eidel. Elo eréischt gëtt et renovéiert, hoffentlech fir Wunnengen.

A beim Royal-Hamilius um bd Royal si wuel och e puer Wunnengen virgesinn.

Mais déi si sécher net fir Famillje mat Kanner gemënzt, a schonns guer net fir déi, déi d’Loyershëllef ufroe mussen.

Eng Carte Blanche vum Ben Fayot



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.