Carte Blanche vum Paul Hammelmann« Prosopagnosie »

De Prënz Louis hat Ufanks dës Joers d’Diagnos vu senger Dyslexie ëffentlech gemaach an domat vill Versteesdemech fir seng Persoun a fir dëse Problem erreecht. Eis carte blanche um Mëttwoch behandelt en anert Phänomen, wat och net direkt erkannt gëtt an dowéinst op Onverständnis (wéineg Onversteesdemech?) am soziale Liewe stéisst. De Paul Hammelmann beschreift dës Pathologie déi och, awer net nëmmen, hie betrëfft.

Rieds geet vun der sougenannter „Prosopagnosie“, vum griichesche „Prosopon“, Gesiicht, an „Agnosia“, Ignoranz, op däitsch „Gesichtsblindheit“, op englesch „face blindness“.

Carte Blanche: Paul Hammelmann (15. Juni)



Wéi äussert dësen Defizit sech?
All Mënsch ass eenzegaarteg an dofir direkt ze erkennen.
Déi Leit, déi un Prosopagnosie leiden, kënnen dat net oder nëmmen ganz schwéier esoulaang se keng zousätzlech, méi semantesch Informatiounen hunn.
Et geet hinnen ongeféier esou wéi de Stadmënschen déi, contrairement zum Bauer, d’Kéi op de Weed net kënnen auserneen halen, oder dem Europäer, dee fir d’éischt an en asiatescht Land kënnt a mengt, d’Awunner géife sech alleguer gläichen.
Et gëtt geschat, datt ongeféier 2 % vun der Mënschheet ënnert dësem Phänomen leiden: 2 méi bekannte Personnagen, déi hiren Handicap ëffentlech gemaach hunn, sinn d’Schauspiller Thierry Lhermite a Brad Pitt.

D’Wëssenschaft ënnerscheed tëschent 2 Zorten vu Prosopagnosie:
 - Déi sougenannte „prosopagnosie acquise“, déi duerch eng Gehirverletzung wéi zum Beispill e Gehirtrauma (traumatisme crânien) oder en AVC entsteet
- An déi manner desagreabel, congenital, also ugebueren, Prosopagnosie.

Dës 2. Form beanträchtecht just d’Erfaasse vun der Identitéit vun anere Mënschen; d’Geschlecht, den Alter an d‘Gefiller kann dësen 2. Typ duerchaus erkennen.
Dës Leit hëllefe sech dofir mat anere periphären Informatiounen: De Beruff vun der Persoun, hir Demarche, hir Korpulenz an natierlech d’Coiffure, de Brëll oder d’Stëmm.
An dach gëtt dësen Handicap an der Gesellschaft schlecht acceptéiert.
Engersäits well e wéineg bekannt ass, an anerersäits well en onsiichtbar ass an domat déi Betraffen als arrogant an agebilt tituléiert ginn.
Et seet ee jo net ëmsoss „en huet d’Gesicht verluer“, « il a perdu la face »!

Doriwwer eraus awer, a fir net ze vill sympathesch eriwwer ze kommen, gëtt et jo awer och Zäitgenossen, déi ee guer net wëll erkennen,  (wéi z.B. den Anonymus dee mengt heizou elo en gehässegen Kommentär missen ofzeginn), ganz einfach well se Gesichter hunn déi eigentlech an d’Box gehéieren, sougenannten A.. Gesiichter.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.