Carte Blanche vum Jean-Luc ThillOlympiad vum Denken

D'Olympiad kennt jiddwereen – déi am Sport mat Sécherheet, déi an der Mathé wuel och, awer hutt Der och schonns vun där an de Philosophie héieren? Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill



Beim Stéchwuert Olympiad denken déi meescht un deen historeschen Event, wou sech Sportler aus der ganzer Welt all 4 Joer moossen, déi nächste Kéier am August a Brasilien. Dobäi gëtt gäre vergiess, datt net nëmmen am Sport eng Olympiad organiséiert gëtt: déi aner wuel bekanntenst ass déi an der Mathematik.

Den antike Griiche verdanke mer awer net nëmmen d'Konzept vun der Olympiad, mä doriwwer eraus och nach déi Disziplin, déi sech mam Mënsch a sengem Denke beschäftegt – der Philosophie; zum Platon senger Zäit nach d'Mamm vun alle Wëssenschaften.

Wien elo mengt, Philosophie wier eppes fir al Hären an déi eng oder aner eeler Damm, also verstëbst an elitär, deen huet wuel laang kee Bléck méi op dëst Traditiounsfach geworf, wat just Prejugéë weider um Liewen hält. Och d'Philosophie huet eng Olympiad – kuerz d'IPO – an dat schonns zënter 1993. Op der 24. Editioun dëst Joer bei eise belschen Noperen zu Ghent woren net manner wéi 90 Lycées-Schüler aus 45 Länner um Depart. Thema wor Krich a Fridden – a wéi dëst virun 2 Joer zréckbehal gouf, konnt kee wëssen, wéi brutal aktuell dëst Thema duerch d'Terrorattacken zu Bréissel 2016 sollt sinn.

Lëtzebuerg wor och mat vun der Partie mat enger Delegatioun als invited guest – also ganz nom olympesche Motto: Dobäi Sinn ass alles, fir sech déi Saach mol unzekucken. Wien elo nawell der Meenung ass, Philosophie wier eppes fir besser Leit, en onnéidege Luxus, deen an der Schoul souwisou näischt verluer hätt, dee vergësst all déi Studien, déi grad de Géigendeel opweisen. Ugefaang bei der Unesco, déi Philosophie als Schoul vun der Fräiheet fir all Ordre d'enseignement schonns zënter Laangem aklot bis bei d'OECD, wou Disziplin vum logeschen Denken an Argumentéieren ëmmer erëm als transversal Kinneksdisziplin zréckbehale gëtt.

Ëmmer erëm gëtt ënnerstrach, wéi wichteg Philosophie zum Schluss vun engem scolairë Parcours ass. Wien elo denkt, do mécht Lëtzebuerg bestëmmt erëm eng schlecht Figur – deen iert sech op en Neits. Net nëmme sinn mer ee vun de wéinege Länner op der Welt, wou Philosophie obligatoresch op all Ière am Classique ënnerriicht gëtt, mä doriwwer eraus och am Enseignement technique mam Numm "Questions Philosophiques". Dat zwar eréischt zënter 2014 a bis well och exklusiv op der neier Sectioun "Sciences Sociales" – awer wat net ass, ka jo nach ginn. Jiddefalls gëtt eis national Bildungspolitik hei dem Usproch gerecht, all Schüler déi selwecht Offre scolaire unzebidden an och net de Feeler vu villen anere Länner ze maachen, nämlech Philosophie nëmmen op Ethik, also op eent vun hire sëllechen Deelgebitter, ze reduzéieren.

Fir eng weider Bedeelegung vum Grand-Duché un der nächster philosophescher Olympiad 2017 an Holland sinn dat jiddefalls good news: Däerf dach all Land nëmmen zwee Kandidaten umellen – a wat méi jonk Leit Philosophie kennen a begeeschtert, wat eis Chancen op eng Medail klammen – déi niewelaanscht bemierkt sou onrealistesch guer net sinn.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.