Carte Blanche vum Paul KremerPresident amplaz Groussherzog?

All Joer d’nämlecht, just dëst Joer net: eise Nationaldag steet am Schied vum Brexit an der neier Kathedral: eng sagrada familia mat schifem Haus-Seegen; dach de Staatschef hält d’Staang riicht.

Carte Blanche: Paul Kremer (22.Juni)

Do ass et dann deplacéiert, wéi ee Leit-Artikel am “Wort”, hallef anonym, op en net gehalenen, well net zeréckgehalenen – oder ebe grad: zeréck-gehalenen Referendumspunkt zeréckzekommen, ob nämlech net e President fir eng Republik Grouss-Lëtzebuerg méi Zäit-geméiss wier wéi en treie Groussherzog.

D’Argumenter kenne mer zanter et se gëtt: Griichen a Réimer si méi oder wéineger gutt mat der Demokratie an der res publica gefuer an d’Charta vun de Mënscherechter leet eis bekanntlech no, d’Mënsche wieren all fräi a gläich gebuer, inklusiv déi Adeleg, déi sech d’Méi ginn hunn "gebuer ze ginn", laut Beaumarchais, dee “bon marché” mat dem ugebuerenen 1. Stand wollt maachen.

Alles kritt een haut des Daags fir Geld, just net, als 8. Henri – net an England – schonns e 7. Hary am 13. Joerhonnert als Virfahr gehat ze hunn, an och nach an der Divina Commedia.

Solle duerfir grad mir, an der grousser mënschlecher Komedie vun eiser ellener Zäit, ons vun all Vergaangenheet ofnuebelen an ons op d’Sich no engem Lëtzebuerger Gauck – net: Gaukler, maachen? – Cui bono?

Duerfir bleiwe mir als gutt Lëtzebuerger léiwer beim Albewäerten a freeën ons schonn drop, enges schéine National-Dags mam Groussherzog a senger sagrada familia an enger fonkelneier Gambia-Kathedral ze sangen: Te Deum laudamus...

Paul Kremer

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.