Carte Blanche vum Benoît ReiterInspiratioun duerch den drëtte Mann?

A senger Carte blanche vun haut kuckt de Benoît Reiter op d'States a stellt eis de Gary Johnson vir. De Benoît Reiter ass Jurist a schafft an enger nationaler Institutioun.

Eng Carte blanche an der Woch vun Nationalfeierdag riskéiert liicht an de Pathos an an d'Gefillsduselei ze rutschen. Et kënnt een tentéiert sinn, fir vun Identitéit, Sprooch, Kohesioun vun der Gesellschaft etc. ze schwadronéieren. Dovu kréie mer awer an den nächsten Deeg nach genuch. Loosst eis dofir e kuerze Bléck no bausse geheien, wat ee souwisou an engem klenge Land wéi Lëtzebuerg öfters soll maachen.

Déi amerikanesch Aktualitéit gëtt dominéiert vum annoncéierten Duell tëscht dem Donald Trump an dem Hillary Clinton. Wee vun deenen zwee soll wuel den nächsten amerikanesche President ginn? Den Immobiliëmogul an Televisiounsstar mat der komescher Coiffure an de ville flotte Fraen? Oder d'Ex-First-Lady, Ex-Senator an Ex-Ausseminister? Den Demagog mat den topegen a rassisteschen Aussoen, deem ee léiwer net de Schlëssel vun den Atomwaffe gëtt, oder d'Oligarchin, déi wéi keen aneren d'Symbios tëscht Washington a Wall Street representéiert?

Weem dat alles net geheier ass, kuckt sech no Alternativen ëm. De Bernie Sanders, dee sech jo selwer als Sozialist bezeechent, eng Ongeheierlechkeet an Amerika, ass am sozialdemokrateschen Europa wuel bekannt. Mä et gëtt en anere Kandidat, deen am Gaang ass, sech an de Sondagen no uewen ze kämpfen, deen awer an Europa zimlech ignoréiert gëtt, nämlech de Gary Johnson.

Wat huet dee Mann opzeweisen? Als Gouverneur vun New Mexico huet hien et fäerdeg bruecht, de Budget vun deem virdrun defizitäre Staat, erëm an den Equiliber ze bréngen an dobäi d'Steieren erofzesetzen.

Wat proposéiert de Gary Johnson? Hie wëll an den USA eng fräiheetlech a maartfrëndlech Politik ëmsetzen. Um finanzielle Plang wëll hien de fundamentale Problem vun der Schold a vum Staatsdefizit ugoen, de federale Budget erëm equilibréieren, der Regierung zu Washington d'Flilleke stutzen, de Steiersystem radikal reforméieren an d'Steieren erofsetzen.

Gesellschaftspolitesch proposéiert den Johnson mat dem onsënnegen - well net ze gewannenen - Krich géint d'Drogen opzehalen. Déi amerikanesch Grenze solle méi oppe ginn an Immigrante solle méi einfach Bierger vun de Vereenegte Staaten kënne ginn. Ënnert engem President Johnson wier et och eriwwer mam Iwwerwaachungsstaat, d'biergerlech Fräiheete wieren erëm garantéiert an de Staat géif sech net méi an d'Privatliewe vun de Bierger amëschen.

International, an dat ass fundamental eng gutt Neiegkeet fir d'ganz Welt, huet den Johnson näischt mam traditionellen amerikaneschen Imperialismus a mat de Militärinterventiounen uechter d'Welt um Hutt a schwätzt sech kloer fir e fräien Handel aus.

Et gesäit een, dass mam Johnson en neie fräiheetleche Wand an der amerikanescher Politik bléist. Seng erfrëschend aner Iddie si gutt fir Amerika. Nëmme fir Amerika oder kann ee beim Johnson och Inspiratioun fir Lëtzebuerg fannen?

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.