Carte Blanche vum Robert GarciaVum Hobbymaart zur Kreativekonomie

De Robert Garcia iwwert de Stellewäert vun der Kultur zu Lëtzebuerg.

Hand op d’Häerz, wéini war Dir fir d'Lescht op eng Kulturveranstaltung, méi genee en Event mat Ticket an engem vun de ville Kulturhaiser am Land?

Déi lescht Woch? Ma da gehéiert Dir zu enger ganz klenger Minoritéit. Firwat dat esou ass an künfteg soll anescht ginn, dat wäert elo geschwënn aus enger Enquête erauskommen. An Enn der Woch bei den Assises culturelles vum Kulturministère soll iwwert eng Strategie, méi genee e „Kulturentwécklungsplang“ diskutéiert ginn, mat där een d’Kultur aus hirer Nisch – oder hirem Elfenbeintuerm, jee no Point de Vue – erauszéie kann.

De Stellewäert vun der Kultur zu Lëtzebuerg war traditionell geprägt engersäits vu pittoreske Fräizäitbeschäftegunge vu Mol- an Museksschoul-Proffen, an anerersäits vun enger Héichkultur, déi fir deier Suen aus dem Ausland importéiert gouf. Mat engem Ministère, dee mat der Strenz Subsiden un d'Amateurveräiner verdeelt huet.

Säit 2 Jorzengten ass dat anescht, a muer wäert et nach vill méi anescht sinn. Mëttlerweil mécht Kultur am wäite Sënn iwwer 5% vum Emploi an och vum PIB aus. Iwwer 700 Studentinnen a Studenten an deene Beräicher wäerten an den nächste 5 Joer op den Aarbeschtsmaart zu Lëtzebuerg stréimen. A wa mer wëllen, datt déi meescht net an der Crèchen-Industrie oder am Chargé d’éducation Statut hänke bleiwen, mee Deel vun der oft zelebréierter Kreativwirtschaft ginn, da muss dréngend eng Strategie op den Dësch kommen.

Well mëttlerweil gëtt och zu Lëtzebuerg héichwäerteg Terroir-Kultur gebueden, déi sech par rapport zum Ausland net ze verstoppe brauch. Wat nach feelt ass virun allem eng Strategie, wéi een d'„Start-uppen“ am Kultursecteur effizient fuerdere kann. Wann ee bei de Wirtschaftsministère pilgert, fir Mineralie vun Asteroïden ze plécken, stinn Dieren an de Beidel wäit op. An der Kultur steet een do wéi d’Heeschefra, an et muss ee sech als Konscht-Asi bal schummen, fir Ënnerstëtzung woen ze froen.

Wann déi ganz Opération de Charme, déi sech „Kulturentwécklungsplang“ nennt, iwwerhapt soll e Sënn maachen, muss fir d’alleréischt de Stellewäert vun der Kultur vun den mickregen 0,87% am Staatsbudget op e realisteschen Equivalent vu sengem gesellschaftlechem Poids gepimpt ginn. Wann dat geschitt, da wäerten an der Regierung Dieren net nëmme fir Space-Mining, mee och fir terre à terre Kënschtlerinnen opstoen.

An last but not least, muss och d’kulturell Bildung, am schouleschen, wéi ausserschoulesche Beräich, esou wäit verbessert ginn, datt wesentlech méi Leit der Kreativwirtschaft als Clienten zur Säit stinn. Mee och fir datt déi jonk Generatiounen - als aktiv, kreativ a kritesch Biergerinnen a Bierger - net enger Minoritéit vun „Very important Populisten“ d’Feld vun der gesellschaftlecher Arena iwwerloossen. Och dat ass Kulturentwécklung, virun allem dat ass Kulturentwécklung.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollten se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker laafen, deen se blockéiert. Dir misst en dann sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.