Carte Blanche vum Colette FleschDéi vu Groussbritannien virgeliefte “Cherry Picking Manéier… muss eriwwer sinn “

“Should the United Kingdom remain a member of the European Union or leave the European Union? “

Dëst war d’Fro, déi de britesche Bierger en Donneschden am Kader vum Referendum gestallt gouf. Si eleng hu sech missen de Spigel virun den Aen halen a sech froen, ob se weider wëllen zu der Europäescher Unioun gehéieren oder net.

Si haten den Choix ze treffen, si hunn en getraff. Dat ass hir Verantwortung. Mir mussen dee Choix respektéieren. Dat ass ons Verantwortung. Et wor een trauregen Dag fir Europa, dee Groussbritannie virun nei Froe stellt, an Europa och.

Den Artikel 50 vum Lissabonner Vertrag kënnt zum droen an de sougenannten “Entflechtungsprozess“ muss an de Gang gesat ginn. An der EU läit de Ball elo beim Conseil, deen dee Prozess muss negociéieren a beim Europaparlament, dat d’Resultat muss ofseenen.

Groussbritannien ass dann net méi Member vun der EU a kann entweder um wirtschaftleche Plang, der Fräihandelszone mat Norwegen, Island an Lichtenstein bäitrieden oder, wéi d’ Schwäiz, e bilateralen Accord mat der EU ofschléissen, also am Kader vun engem normalen Accord mat engem Drëttland. Et kann awer och ganz ouni speziell Verbindung mat der EU verbleiwen.

Déi vu Groussbritannien virgeliefte “Cherry Picking” - Manéier, déi den Integratiounsprozess vun Europa esou vill gebremst huet, muss eriwwer sinn. Et ass wichteg, dass dat kloer ass, och fir en Domino Effekt ze vermeiden.

An enger Zäit an där an Europa méi Grenzen opgeriicht, ewéi Brécke gebaut ginn, musse mir ons zu Lëtzebuerg an an der EU erëm virun A féieren, firwat Europa steet. Et ass virun allem e Friddensprozess. Wäerter ewéi Toleranz, Mënscherechter, Solidaritéit a soziale Fortschrëtt mussen an de Virdergrond gestallt ginn, well nëmmen zesumme kënne mir déi grouss Defie vun onser Zäit an de Grëff kréien.

Zur Campagne vum Referendum bleift nëmmen d’bewosste Verbreedung vu Ligen an d’Spill mat den Emotiounen an den Ängscht vun de Leit ze veruerteelen. E Spill, wat an der UK zu engem trageschen Héichpunkt geféiert huet, zum Dout vum Jo Cox, deen dësem Referendum een immens batteren Nogeschmaach hannerléisst.

Sécher sinn ech mer allerdéngs, dat d’Stonn vun der Wourecht spéitstens elo fir dat Europa vun nëmmen nach 27 Member-Länner geschloen huet. Kommt mir packen zesummen un, fir Europa een neien Elan ze ginn, a kommt mir kucken erëm op dat, wat ons verbënnt a Platz op dat, wat ons nach trennt.

Colette Flesch, fréiere Minister, Éierebuergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg

Eng Carte Blanche vum Colette Flesch



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.